Aleedung
Wat versteet een ënner digital Inklusioun?
D'Zil vun der digitaler Inklusioun ass, all Mënsch déi nämmlecht Chancen ze ginn, fir Deel vun der digitaler Gesellschaft ze sinn. Fir datt dat geléngt, mussen d'Erausfuerderungen, déi sech an dësem Beräich stellen, identifizéiert ginn.
D'Regierung huet déi digital Transformatioun an den Zentrum vun hire Projete gestallt, mam Wëllen, eng digital Spaltung vun der Gesellschaft ze vermeiden, déi jiddwerengem géif schueden. Dësen nationalen Aktiounsplang fir digital Inklusioun gouf vum Ministère fir Digitaliséierung ausgeschafft, dëst an enker Concertatioun mat engem interministeriellen Aarbechtsgrupp, deen der digitaler Inklusioun gewidmet ass, a mat Hëllef vu bilateralen Echangë mat Associatiounen a verschiddenen net staatlechen Acteuren, déi a Kontakt sti mat Deeler vun der Bevëlkerung, déi eventuell net an der digitaler Welt doheem sinn.
An dësem Kontext an aus der Erkenntnis eraus, datt den Engagement vun der ganzer Gesellschaft noutwendeg ass, fir eng digital Spaltung ze vermeiden, war eng Vilfalt vun Acteuren um Ausschaffe vun dësem Aktiounsplang bedeelegt.
ENG GEMEINSAM APPROCHE FIR VILFÄLTEG ERAUSFUERDERUNGE KËNNEN UNZEGOEN
Den Nationalen Aktiounsplang fir d'digital Inclusioun ass d'Resultat vun enger Consultatiounsdebatt an der Chamber, organiséiert op Ufro vum Ministère fir Digitaliséierung, souwéi vun Questionnairen, déi un d'Ministèren a Verwaltung verdeelt goufen, iwwer déi aktuell oder geplangten digital Inklusioun Initiativen. Ausserdeem hunn vill Echangen mat net-staatlechen Akteuren d'Analyse vun den ausgedréckte Erwaardungen a Bedierfnesser ergänzt.
Duerch d'Echangë mat de Membere vum interministeriellen Aarbechtsgrupp konnt eng éischt Bestandsopnam vun de lafenden Aktioune vun der Regierung gemaach an e Katalog vun Aktiounen a Projeten, déi déi verschidde staatlech Entitéiten wëllen ëmsetzen, fir enger digitaler Spaltung bei hiren Zilgruppen entgéintzewierken, opgestallt ginn. Dës Bestandsopnam gouf mat den Informatiounen, déi duerch d'Consultatioune vun der Zivilgesellschaft gesammelt goufen, ergänzt. Wärend dësen Echangë konnt de Ministère fir Digitaliséierung sech méi genee mat de Schwieregkeete vun deenen Deeler vun der Bevëlkerung befaassen, déi net an der digitaler Welt doheem sinn.
Déi befroten Acteure hunn betount, datt d'Hindernisser fir d'Digitaliséierung, mat deenen d'Bierger konfrontéiert sinn, vu Fall zu Fall staark auserneen ginn an datt d'Grënn fir e sougenannten "éloignement du numérique" oft ganz ënnerschiddlech sinn. D'Vilsäitegkeet vun der Gesellschaft an d'Disparitéit vun de Besoinen an den Erwaardunge vun de Bierger, jee no hirem Vulnerabilitéitsgrad géintiwwer der Digitaliséierung, sinn Aspekter déi zu der Komplexitéit vun der Situatioun bäidroen.
Wien ass dovunner betraff?
- Eng héich Zuel vun eelere Leit huet keng oder wéineg néideg digital Kompetenzen an et feelt hinnen u Motivatioun oder Vertrauen, fir déi digital Outilen ze benotzen.
- Verschidde Persoune mat Behënnerung stoussen op Problemer a puncto digital Accessibilitéit.
- Déi am wéinegste qualifizéiert Aarbechter hunn dacks net déi néideg digital Grondkenntnisser.
- Ënner de Chômeuren ass festzestellen, datt verschiddener net iwwer déi néideg digital Grondkenntnisser verfügen, fir erëm um Aarbechtsmaart Fouss ze faassen.
- Eng gewëssen Zuel vu Persoune mat nidderegem Akommes stéisst op Problemer a puncto digitalen Accès an et feelt hinnen u Motivatioun, fir d’digital Technologien ze benotzen.
- Eng gewëssen Zuel vu Migranten huet keen digitalen Accès oder verfüügt net iwwer déi néideg digital Grondkenntnisser, fir d’digital Technologien ze benotzen.
- E Brochdeel vun den Demandeuren a Beneficiairë vun der Protection internationale, huet net déi néideg Moyenen, fir d’digital Technologië benotzen ze kënnen.
- Eng gewëssen Zuel vu Fraen a Meedercher leit nach ëmmer ënner engem Ecart am Beräich vun der Digitaliséierung.
- Bei de Jonke stoussen Eenzeler op Problemer a puncto digital Grondkenntnisser.
Wat sinn d'Prioritéiten?
- Vereinfachung vum Accès zu den digitalen Outile.
- Fërderung vun der Entwécklung vun den digitale Kompetenze.
- Entgéintwierken vun de regionalen Differenze bei den digitalen Offeren.
- Sensibiliséierung fir d'Online-Sécherheet an d'Online-Gestioun vun den Informatioune.
- Motivatioun fir d’Benotze vun den digitalen Technologië.
De kontaktéierten Associatiounen no muss d'digital Entwécklung integrativ sinn, fir sozial Vulnerabilitéiten ze vermeiden, gläichzäiteg däerf se awer keng Obligatioun si fir d’Bierger zu Lëtzebuerg. Esou mussen déi analog Alternative garantéiert bleiwen. D'Representante vun den Associatiounen hunn och ëmmer erëm betount, datt e grousse Besoin u Formatioune fir d'Ekippe vun den Associatiounen an aner Acteuren, déi am Beräich vun der digitaler Inklusioun zu Lëtzebuerg aktiv sinn, besteet.
Fir déi net staatlech Organisatiounen an Associatiounen, déi kontaktéiert goufen, sinn iwwerdeems d'OnlineSécherheet, den Accès an d'digitaalt Léieren déi gréisst Erausfuerderungen, fir datt d'digital Inklusioun zu Lëtzebuerg ka geléngen. Dësen Organismen no erméiglechen den Accès zu den digitale Kompetenzen an déi entspriechend Formatiounen duerno d'Entwécklung vun der digitaler Motivatioun a vum digitale Vertrauen.
Wéi eng Léisungen ginn et?
Enner Berécksiichtegung vun den ënnerschiddlechen Zilgruppe gi folgend Léisungen als am Sënnvollste betruecht:
- kollektiv an individuell dezentraliséiert Coursen ubidden;
- Helpdesken ubidden;
- digital Espace-publicken ubidden;
- Vertrauenspersounen erlaben, administrativ Online-Demarchen amplaz vum betraffene Bierger duerchzeféieren;
- Tutorialen an explikativ Videoen ausschaffen an online ubidden.
Wat gouf zeréckbehalen?
Op Basis vun dëse Conclusiounen huet den Digitaliséierungsministère 3 strategesch Hiewel definéiert fir déi digital Inklusioun vun alle Bierger ze fërderen. Dës Hiewele bréngen eng Rei vu konkreten Initiativë vum Digitaliséierungsministère an den Akteuren zesummen, déi an der Entwécklung vum Nationalen Aktiounsplang fir digital Inklusion involvéiert sinn.
Sub-sections
Aktualiséiert den