Den Accès zu digitalen Technologië vereinfachen

Accès zu den digitalen Technologien heescht, datt jiddwereen Zougang zu den Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologië soll hunn. Et geet drëm, en Accès zu den IKT-Outilen an zum Internet garantéieren ze kënnen a sécherzestellen, fir datt den Inhalt, dee vum ëffentleche Secteur ugebuede gëtt, engem vilfältege Public zougänglech ass.

E puer Statistiken

  • 0,8% Stéit ouni Internetaccès (Eurostat)
  • 90% Persounen, déi iwwer Smartphone Accès op den Internet hunn (Statec)
  • 9,2% Stéit ouni Accès op Breetband-Internet (Statec)
  • 11% Persounen, déi den Internet net ausserhalb vun hirem Doheem oder hirer Aarbechtsplaz benotzen (Statec)

D'Initiativen

Den nationalen Aktiounsplang ass drop ausgeriicht, den Accès ze erweideren an ze verbesseren an déi digital Inklusioun an der Gestaltung vun digitale Léisungen ze prioriséieren, fir eng besser Benotzerfrëndlechkeet an e verbesserten Accès ze garantéieren (digital inclusion by design). D'Zil ass och, d'Schafe vun ëffentleche Kontakt- an Zougangsstellen op nationalem a kommunalem Niveau ze fërderen, an och passend Mëttelen zur Verfügung ze stellen, fir den Accès zu digitale Servicer a Produiten ze vereinfachen. Och wann en erweiderten a verbesserten Zougang zu den digitalen Technologië promovéiert muss ginn, wëll d'Regierung weiderhin en net digitalen Accès zu den ëffentleche Servicer garantéiere fir all déi, déi sech net fir déi digital Welt entscheeden.

D'Initiativë fir den Accès zu den digitalen Technologië ze vereinfachen si follgend:

1. Fuerschungsprogramm iwwer d’Benotzerfrëndlechkeet vun den ëffentlechen digitale Servicer

Aféierung vun engem Fuerschungsprogramm duerch de Ministère fir Digitaliséierung an den Interdisciplinary Centre for Security, Reliability and Trust (SnT) iwwer d'Benotzerfrëndlechkeet vun den ëffentlechen digitale Servicer an déi soziotechnesch Aspekter vum Benotzerinterface an hir Auswierkung op d'digital Inklusioun. De Fuerschungsprogramm ënnersicht, wéi déi nei Technologien an d'Fuerschung déi digital Inklusioun promovéiere kënnen.

2. Strategie "Gouvernance électronique 2021-2025 "

Ëmsetzung vun der Strategie "Gouvernance électronique 2021-2025" duerch de Ministère fir Digitaliséierung an den Zenter fir Informatiounstechnologië vum Staat (CTIE). D’Strategie ziilt drop of, den eGovernment ze verstäerken an den Iwwergang op de sougenannten "digital Governement" ze ënnerstëtzen, mam Zil, e reelle Méiwäert fir d’Bierger ze schafen. Et geet drëm, eng transversal digital Accessibilitéit ze fërderen, benotzerorientéiert Servicer ze entwéckelen, attraktiv ëffentlech Online-Servicer unzebidden an an d'Vertraue vun de Bierger an d'ëffentlech Online-Servicer ze investéieren.

3. Verstäerkung vum barrièrefräien Zougang op digital staatlech Servicer a Produiten

Verstäerkung vun Efforten, fir liicht zougänglech staatlech digital Servicer a Produiten unzebidden, déi iwwer de CTIE entspriechend dem Referenzmodell ReNow (Bezuchsmodell vun der Website-Normaliséierung) zougänglech sinn. Dëse Referenzmodell ass eng Demarche an eng Hëllef a puncto Web-Qualitéit fir déi staatlech Organismen an den ëffentleche Secteur an ëmfaasst vill Aspekter vun der Normaliséierung, wéi zum Beispill Qualitéitsstandarden, Web-Accessibilitéitsstandarden an eng benotzerorientéiert Approche.

4. Virundreiwen vun der einfacher Sprooch op Guichet.lu

Kontinuéierlech Entwécklung a Bereetstellung duerch de CTIE vun explikative Fichen iwwer déi digital administrativ Demarchen a Liichter Sprooch op Guichet.lu.

5. Digital Procuratioun?

Lancéiere vun enger Etüd iwwer d'rechtlech an technesch Machbarkeet duerch de Ministère fir Digitaliséierung fir eng eventuell Ëmsetzung vun enger "digitaler Procuratioun", mat där eng Drëttpersoun digital administrativ Demarchë fir eng Persoun, déi hir nosteet, duerchféiere kann.

6. Entwécklung vun der MyGuichet.lu App

Kontinuéierlech Entwécklung vun der mobiller Applikatioun MyGuichet.lu duerch de CTIE, fir de Bierger en einfachen a mobillen Accès op hire private Beräich op MyGuichet.lu ze erméiglechen. Dës Moossnam ënnerstëtzt d’Entwécklung vum "accès cross media", deen an der "Gouvernance électronique 2021-2025" duergeluecht gëtt.

7. Dezentraliséierung vu Guichet.lu?

Analys, duerch de Ministère fir Digitaliséierung, vum Dezentraliséierungspotenzial vu Guichet.lu.

8. Didaktesch Hëllefsmëttel fir op déi ëffentlech digital Servicer zouzegräifen

Fërderung an Entwécklung duerch de CTIE vun analogen, audiovisuellen an digitale Supporten, fir sécher op déi ëffentlech digital Servicer zougräifen ze kënnen. Dobäi kann et sech ëm Instruktiounsvideoen, Online-Tutorialen, Flyeren, Broschüren oder Benotzer-Guiden handelen, déi dem Bierger eng Hëllef beim Aloggen a beim Benotze vun den digitalen ëffentleche Servicer garantéieren.

9. Accessibilitéit vun den ëffentleche Websitten a mobillen Applikatiounen

Kontinuéierlech Evaluatioun vun der Accessibilitéit vun den ëffentleche Websäiten a mobillen Applikatiounen duerch den Informatiouns- a Pressedéngscht (SIP) vun der Regierung. Hei déngt den un de lëtzebuergesche Kontext ugepassten allgemenge Referenzsystem fir d'Verbesserung vun der Accessibilitéit (RGAA) als Accessibilitéitsreferenzmodell fir all d'lëtzebuergesch Verwaltungen. De SIP mécht Kontrolle vun der Accessibilitéit vun den ëffentlechen digitalen Inhalter an erstellt reegelméisseg Berichter iwwer d'Resultater. Weiderhi geréiert de SIP d'Reklamatioune iwwer d'Accessibilitéit an assuréiert eng effikass Mediatioun tëschent de Bierger an de verschiddene Verwaltungen a sensibiliséiert déi verschidden Acteuren an d'Ëffentlechkeet fir d'digital Accessibilitéit an hire gesetzleche Kader zu Lëtzebuerg. De SIP geréiert d'Portal iwwer d'digital Accessibilitéit https://accessibilite.public.lu, dat Accès op eng Rei Ressourcë bitt an erméiglecht, Sitten a mobil Applikatioune fir esou vill Persoune wéi méiglech zougänglech ze maachen. Et bitt och en Outil un, fir ganz einfach Accessibilitéitserklärunge fir all verëffentlecht Sitten an Applikatiounen ze generéieren.

10. PDF Format/U.A. Universal Accessibility

Ëmwandlung duerch BEE SECURE, ënner der Tutelle vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, vun all hiren aktuellen an zukünftege Publikatiounen, déi fir all Public, onofhängeg vun Alter, Behënnerung oder anere Facteuren, zougänglech sinn, an d'Format PDF/U.A. "universal accessibility".

11. Plattformen am universellen Design

Ausschaffe vu Plattformen am sougenannten "universellen Design", déi inklusiv an zougänglech sinn, duerch den Nationalen Institut fir ëffentlech Verwaltung vum Ministère fir d'Fonction publique, bei de Verwaltungen a Gemengen, duerch déi fir Persoune mat Behënnerung oder amenagéierte Léierbesoinen Inhalter (Webinairen an E-Learningen) ugebuede kënne ginn.

12. Sensibiliséierung fir digital Accessibilitéit

Weiderentwécklung vun der digitaler Accessibilitéit an der Sensibiliséierung fir déi verschidden entspriechend Erausfuerderungen duerch d'Implementéierung vum nationalen Aktiounsplang  fir d'Ëmsetzung vun der Konventioun iwwer d'Rechter vun de Persoune mat Behënnerung 2019-2024 duerch de Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun. Deen Aktiounsplang envisagéiert eng méi systematesch Benotzung vun der Liichter Sprooch, fir d'Kommunikatioun fir a mat de Persoune mat Behënnerung ze verbesseren.

13. Strategie "Une connectivité performante pour tous"

Aféierung vun der Strategie "Une connectivité performante pour tous" – der nationaler Strategie fir d’elektronesch Héichgeschwindegkeets-Breedband-Kommunikatiounsnetzer 2021-25 – duerch de Service fir Kommunikatioun a Medie vum Staatsministère. Fir en digitale Gruef ze vermeiden, gesäit d'Strategie virun allem d'Vernetzung vun alle Stéit vir, onofhängeg vun hirer sozialer Situatioun, dëst duerch geziilt Hëllefsmoossnamen. Esou gëtt geschat, datt bis 2025 all Stot iwwer eng Verbindung mat enger Download-Geschwindegkeet vun op d'mannst 100 MBps wäert verfüge kënnen, fir sech komplett an eng modern Gesellschaft ze integréieren.

DÉI ANER STRATEGESCH HIEWELEN

Fir déi digital Inclusioun vun alle Bierger ze förderen, ass et wichteg den Accès zu digitalen Technologië ze vereinfachen, mee och:

Digital Kompetenzen entwéckelen D'Motivatioun an d'digitaalt Vertraue steigeren

Aktualiséiert den