7. interdisziplinäre Forum iwwer digital Inklusioun

 

De Ministère fir Digitaliséierung freet sech déi nächst Editioun vum interdisziplinäre Forum iwwer digital Inklusioun unzekënnegen. Dëst Evenement bréngt Experten an engagéiert Acteuren zesumme, fir sech iwwer digital Inklusioun zu Lëtzebuerg auszetauschen. Dës Editioun steet ënner der lëtzebuergescher Presidence vun der BeNeLux-Unioun

 

Wéini?

 

Dënschdeg, den 18. November 2025, vu 14:30 Auer un.

 

Wou?

 

Hemicycle vum European Convention Center Luxembourg

1, rue du Fort Thüngen, L-1499 Luxembourg

 

Programm:

 

14:00 Auer: Accueil vun de Participanten

14:30 Auer: Usprooch

14:40 Auer: Akademesch Keynote vum Prof. Dr Gabriele Lenzini iwwert Desinformatioun a Fake News

15:00 Auer: Ronn Dësch iwwert d'Thema „National Approchen am Ëmgang mat Desinformatioun a Fake News“ mat Vertrieder aus de BeNeLux-Länner:

  • Dr. Debora Plein (BEE SECURE)
  • Claire Gersen (Ministerie van Binnenlandse Zaken en Koninkrijksrelaties)
  • Alexander Hoefmans (SPF Économie)

16:00 Auer: Presentatioun vun den Ziler vun der Digitaler Dekade vun der Europäescher Kommissioun duerch Vertrieder aus de BeNeLux-Länner:

  • Stéphanie Silvestri (Service des médias, de la connectivité et de la politique numérique)
  • Wessel van Twist (Ministerie van Binnenlandse Zaken en Koninkrijksrelaties)
  • Alexander Hoefmans (SPF Économie)

16:45 Auer: Ofschlosswierder vum:

  • Jean-Claude Meyer, stellvertriedende Generalsekretär vun der BeNeLux-Unioun
  • Stéphanie Obertin, Ministesch fir Digitaliséierung

 

D’Evenement fënnt komplett op Englesch statt a gëtt simultan op Franséisch iwwersat. Zum Ofschloss gëtt e Patt offréiert.

 

Interesséiert Persoune kënnen sech iwwer de follgende Link umellen: iDentials

Aktualiséiert den