Präis fir Digital Inklusioun 2023

Den 13. Juni 2023 huet S.A.R. de Grand-Duc de "Präis fir Digital Inklusioun 2023" a Presenz vum delegéierte Minister fir Digitaliséierung Marc Hansen iwwerreecht. Am Januar 2023 huet de Ministère fir Digitaliséierung en Opruff gemaach fir Projeten ze finanzéieren déi digital Inklusioun fërderen, sou wéi dëst am Nationalen Aktiounsplang fir digital Inklusioun virgesinn ass. D'Präisiwwerreechung ass Deel vun dëser Aktioun.

Déi siwe Gewënner vum "Präis fir Digital Inklusioun 2023" si follgend:

  • Take the Lead - Selbstpromotioun an enger digitaler Welt (Touchpoints ASBL)
  • kritesch denken eng respektvoll matdiskutéieren - Respektvoll an Debatten op sozialen Netzwierker deelhuelen (Respect.lu ASBL)
  • Internetcafé fir Senioren (Doheem Versuergt - Service d'aides et de soins de la Croix-Rouge luxembourgeoise).
  • AutismConnect Luxembourg Building Inclusion - ALBI (RubixPotential SARL)
  • Data Studio (LuxData SA)
  • Video Tutorials fir digital Kompetenzen an der post-professioneller Phase vum Liewen ze fërderen (GoldenMe ASBL).
  • Handwierklech Workshops iwwer digital Programméierung - Prototyping vun innovativen

Entdeckt all d'Presentatiounen um Youtube-Kanal vum Ministère fir Digitaliséierung.

 

Source: offiziell Kommunikatioun vum Ministère fir Digitaliséierung, www.digitalisation.lu

Aktualiséiert den