Glossar

Dëse Glossar enthält eng Lëscht vu Begrëffer an Definitiounen, déi Iech erlaben Iech besser mat der digitaler Terminologie vertraut ze maachen.

Accessibilitéit vun den digitalen Technologien respektiv digital Accessibilitéit

Ënner dem Begrëff Accessibilitéit vun den digitalen Technologien oder digital Accessibilitéit (och nach: Barriärefräiheet) versteet een, datt eng Internetsäit, eng App oder en elektronescht Dokument fir e breede Spektrum vu Benotzer, dorënner Leit mat Siicht-, Héier-, motoreschen oder kognitive Behënnerungen, einfach zougänglech a verständlech ass. D'Zil vun der Accessibilitéit vun den digitalen Technologien ass et, Hürden ze iwwerwannen a Leit mat Behënnerungen Online-Servicer zougänglech ze maachen, d. h. dofir ze suergen, datt dës Servicer kënne wouergeholl a benotzt ginn an datt se verständlech a robust sinn.

Beherrsche vun digitalen Techniken

D'Fäegkeet, Informatioune mat enger Rei vun digitalen Technologien effikass a kritesch ze lokaliséieren, ze bewäerten, ze benotzen an zesummenzestellen.

Benotzerorientéiert Gestaltung

Bei der benotzerorientéierter oder benotzerzentréierter Gestaltung vun Internetsäiten oder vun digitale Servicer handelt et sech ëm eng Philosophie an eng Demarche bei der Gestaltung, déi virun allem an der Software-Ergonomie eng Roll spillen, wou d'Besoinen, d'Erwaardungen an d'Eegenschafte vun de Benotzer bei all Etapp vum Entwécklungsprozess vun engem Produit berücksichtegt ginn. Déi benotzerorientéiert Gestaltung an d'Bedeelegung vum Benotzer maachen däitlech, wéi wichteg et ass, bei all den Etappe vum Entwécklungsprozess ënnerschiddlech Gruppe vun Benotzer anzebannen, fir fir all d'Benotzergruppen inklusiv Produiten a Servicer ze entwéckelen.

"Cloud"

De Begrëff "Cloud" (englescht Wuert fir "Wollek") bezeechent Serveren, déi iwwer Internet zougänglech sinn, souwéi dʼSoftware an dʼDatebanken, déi op dëse Servere lafen. DʼServeren, déi zur "Cloud" gehéieren, ginn a Rechenzentere gehost, déi an der ganzer Welt verdeelt sinn.

Connectivitéit

Ënner Connectivitéit versteet een den Zougang vun de Leit zum Internet an zu der dofir néideger Technologie.

Cybersécherheet

Cybersécherheet ëmfaasst sämtlech Mëttelen, fir de Schutz an d'Integritéit vun den − sensibelen oder netsensibelen − Donnéeën an enger digitaler Infrastruktur ze garantéieren. Et handelt sech dobäi ëm e Fachgebitt vun de Beruffer aus dem Informatiksberäich. Duerch d'Cybersécherheet gëtt eng Dateverwaltung ënner optimalen a séchere Bedéngunge garantéiert. Se erméiglecht et, Informatiounssystemer an Donnéeën, déi am Ëmlaf sinn, viru sougenannte Cyberkriminellen ze schützen.

Digitalassistenz

D'Digitalassistenz bezeechent eng Rei vun Entwécklungen, Strategien an Aktioune fir sécherzestellen, datt an den digitalen Ekonomië keen ënner d'Rieder kënnt.

Digital Autonomie

Mat Hëllef vun digitalen Technologien, de Bierger hir Autonomie verbesseren, fir selbstännegt Handelen ze erméiglechen: beim Zougang zu hire Rechter an zu ëffentleche Servicer souwéi beim Benotze vun digitalen Technologien, Servicer a Medien.

Digital Benotzerfrëndlechkeet

Et geet ëm den einfachen Ëmgang mat Benotzerschnëttstelle bei der Interaktioun mat den digitale Systemer. Dobäi ginn och d'Besoine vun de Benotzer berücksichtegt, virun allem vu Leit mat Behënnerungen, woubäi d'Accessibilitéit vum digitale System (Barriärefräiheet) garantéiert gëtt.

Digital Benotzerfrëndlechkeet an digital Ergonomie

Bei der digitaler Benotzerfrëndlechkeet an der digitaler Ergonomie stinn dat deeglecht Benotze vun den zougängleche Systemer a Servicer souwéi hir Effikassitéit, hir Leeschtungsfäegkeet an hire flexibelen Asaz fir d'Benotzer an hiert Ëmfeld am Mëttelpunkt.

Digital Bierger

Den digitale Bierger entsteet aus dem Entwéckelen an dem Uneegne vu Kompetenzen am Hibléck op d'Léieren an der digitaler Gesellschaft an op déi aktiv Participatioun un der digitaler Gesellschaft.

Digital Ekonomie

Ënner digital Ekonomie versteet een déi weltwäit vernetzt Wirtschaftsaktivitéiten, déi d'Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien erméiglechen. Se kann och méi einfach als eng Ekonomie, déi op digitalen Technologië berout, definéiert ginn.

Digital Egalitéit

Ënner digitaler Egalitéit versteet een den universellen Zougang zum Internet an zwar doduerch, datt e fir jiddereen accessibel gemaach gëtt.

Digital ëffentlechen Raum

En digital ëffentlechen Raum ass eng lokal Struktur ausgestatt mat Computerausrüstung a verbonne mam Internet deen all Bierger opsteet. De Raum bitt Zougang zu IKT an erméiglecht Léiere mam Computer, Internet an digitaler Kultur.

Digitaalt Engagement

D'Digitaalt Engagement ass d'Benotze vun digitalen Hëllefsmëttelen an Techniken, fir eng Communautéit ze fannen, hir nozelauschteren a se am Hibléck op e Problem ze mobiliséieren. Digitaalt Engagement besteet ausserdeem doran, bewäert Verfaren am Zesummenhang mat neien Technologien an Informatiounen ze dirigéieren, ze deelen an ze fërderen, fir héichwäerteg a publikumsgerecht Online-Servicer unzebidden.

Digital Exklusioun

Als digital Exklusioun bezeechent ee sämtlech Nodeeler, déi sech erginn, wa Leit zécken oder net an der Lag sinn, digital Technologien ze benotzen. Et gëtt zwou Zorte vun digitaler Exklusioun: Exklusioun opgrond vum Ekipement oder den Apparater an Exklusioun opgrond vu feelende Kompetenzen.

Digital Expertis

Et handelt sech ëm de méi héijen Niveau vun digitale Kompetenzen, dee Leit mussen hunn, déi am Kader vun hirer deeglecher Aarbecht sollen digital Technologië benotzen.

Digital Fäegkeeten

Als digital Fäegkeeten (oder Befäegung) bezeechent een d'Fäegkeeten an/oder d'Kompetenzen, déi ee brauch, fir an enger digitaler Gesellschaft ze liewen, ze léieren an ze schaffen.

Digitale Foussofdrock

Als digitale Foussofdrock bezeechent een d'Spuer oder de "Foussofdrock", deen eng Persoun allkéiers hannerléisst, wa se sech aloggt.

Digital Gesellschaft

Eng digital Gesellschaft ass eng modern a fortschrëttlech Gesellschaft, déi sech duerch d'Adoptéieren an d'Integréiere vun den Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien doheem, op der Aarbechtsplaz, an der Educatioun an an der Fräizäit gebilt huet.

Digital Gerechtegkeet

Digital Gerechtegkeet heescht, datt alleguerten d'Leit an d'Gemeinschaften iwwer déi digital Kompetenze verfügen, déi fir eng integral Participatioun un eiser Gesellschaft, der Demokratie an der Ekonomie néideg sinn. Bei der digitaler Gerechtegkeet handelt et sech ëm e finaalt Zil an déi digital Inklusioun hëlleft, dëst Zil ze erreechen.

Digitale Gruef

Als digitale Gruef (Kluft) bezeechent een de Gruef tëschent Leit mat a Leit ouni Zougang, Kompetenzen a bezuelbar Ënnerstëtzung, fir op eng effikass Aart a Weis am Internet aktiv ze ginn. Dacks si bestëmmt Bevëlkerungsgruppe méi vum digitale Gruef betraff wéi anerer. Déi gesellschaftlech Diversitéit an déi ënnerschiddlech Besoinen an Erwaardunge vun de Bierger jee no hirer Vulnerabilitéit am Hibléck op digital Technologië maachen d'Lag zousätzlech méi komplex.

Digital Identitéit

Bei der digitaler Identitéit geet et ënner anerem ëm d'Fäegkeet, eng eegen Identitéit a Reputatioun am Internet ze schafen an ze verwalten. Dat bedeit och, datt ee sech senger eegener Online-Perséinlechkeet bewosst gëtt a mat de kuerz- a laangfristegen Auswierkunge vun der eegener Presenz am Internet kann ëmgoen.

Digital Inklusioun

D'Zil vun der digitaler Inklusioun ass et, all de Leit gläichwäerteg Chancen op Participatioun un der digitaler Gesellschaft ze ginn. Leit, déi digital abezu sinn, si Persounen, déi wéini a wou se wëllen Zougang zu bezuelbaren a barriärefräien digitalen Apparater a Servicer hunn an déi déi néideg Motivatioun, déi erfuerderlech Kompetenzen an dat néidegt Vertrauen hunn, fir den Internet ze benotzen a sozial an ekonomesch Ziler ze verfollegen an ze erreechen.

Digital Intelligenz

Sämtlech sozial, emotional a kognitiv Fäegkeeten, duerch déi Leit an der Lag sinn, Erausfuerderungen ze bewältegen, gutt Bezéiungen zu aneren opzebauen an den Ufuerderunge vum digitale Liewe gerecht ze ginn.

Digital Kommunikatioun

D'Fäegkeet, mat Hëllef vun digitalen Technologien a Medien ze kommunizéieren a mat aneren zesummenzeschaffen.

Digital Kompetenzen

Als digital Kompetenze bezeechent een déi Fäegkeeten, déi néideg sinn, fir digital Outile wéi Smartphonen, Computeren an den Internet ze benotzen. Et handelt sech dobäi ëm déi spezifesch Kompetenzen, déi ee brauch, fir online aktiv ze ginn, sech anzeloggen, Informatiounen ze verwalten, ze kommunizéieren, Transaktiounen auszeféieren, kreativ täteg ze sinn, Problemer ze léisen an a Sécherheet ze surfen. En digital kompetente Mënsch ass an der Lag, Technologien ze verstoen, auszewielen an ze benotzen.

"Digital Literacy"

Ënner "Digital Literacy" versteet een d'Fäegkeet, Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien ze benotzen, fir Recherchen duerchzeféieren, Contenuen ze schafen a mat der Welt ze interagéieren, wat kognitiv an technesch Kompetenzen erfuerdert. E Mënsch, deen déi digital Medie beherrscht, kann entscheeden, wéini e bestëmmt Technologië benotzt, an ass an der Lag, seng digital Kompetenzen unzewenden, fir säin eegent Léieren, seng Virbereedung op d'Aarbecht oder säin Alldag ze verbesseren.

Digital Medien

Als digital Medie bezeechent een am Allgemengen Technologië wéi Smartphonen, Tabletten, Computeren a Fernseeër, déi geholl ginn, fir op digital Contenuen zouzegräifen.

Digital Motivatioun

Bei der digitaler Motivatioun handelt et sech ëm d'Fäegkeet an de Wëlle vun engem Mënsch ze verstoen, op wat fir eng Manéier digital Technologië sënnvoll sinn an em kéinten Avantagë bréngen.

"Digital Natives"

Zu den "Digital Natives" gehéieren déi Generatiounen, déi mat den digitalen Technologien opgewuess sinn an dës dohier instinktiv besser verstinn a benotze kënnen.

Digital Participatioun

Digital Participatioun bedeit, datt een digital Technologien a Medien a sengem eegene Liewe sënnvoll asetzt. Dat setzt viraus, datt een erkennt, wéi d'Technologien an d'Medien de Leit d'Geleeënheet bidden, sech un neie gesellschaftlechen Aktivitéiten, um ziville Liewen, u Léieraktivitéiten an um Aarbechtsliewen ze bedeelegen, an et bedeit och, datt een erkennt, datt d'Technologien an d'Medien ze hannerfroe sinn an zwar, datt ee se wierklech a Fro stellt an net einfach passiv acceptéiert.

Digital Rechter

Bei den digitale Rechter handelt et sech ëm Mënscherechter a gesetzlech Rechter, déi de Leit d'Méiglechkeet ginn, Zougang zu digitale Medien ze hunn an esou Medien ze benotzen, domat ze schafen an doriwwer ze verëffentlechen oder Zougang zu Computeren, aneren elektroneschen Apparater an Telekommunikatiounsreseauen ze hunn an dës ze benotzen.

Digital Sensibiliséierung

Déi digital Sensibiliséierung betrëfft d'Formatioun am Hibléck op Online-Aktivitéiten, d. h. wat d'Erausfuerderunge vun den digitalen Technologien, d'Aart a Weis, se ze gebrauchen, an d'Online-Sécherheet ubelaangt.

Digital Transformatioun

Als digital Transformatioun bezeechent een am Allgemengen d'Aktivitéiten, d'Prozesser, d'Kompetenzen an d'Geschäftsmodeller, déi sech ëmmer méi séier entwéckelen, fir d'Verännerungen an d'Chancen, déi aus den digitalen Technologien ervirginn, optimal ze notzen. Den Ausdrock bezeechent och d'Verännerungen an der ganzer Gesellschaft.

Digitaalt Zäitalter

Dat digitaalt Zäitalter, dat och als Informatiounszäitalter bezeechent gëtt, ass den Zäitraum vun den 1970er-Joren un, markéiert duerch d'Aféiere vum PC an, méi spéit, dem Opkomme vun enger Technologie fir de fräien a séieren Transfert vun Informatiounen.

eGovernment

 

Ënner eGovernment (heiansdo och E-Government) versteet een d'Benotze vun den Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologië fir méi effikass ëffentlech Servicer fir Bierger a Betriber. Et handelt sech ëm d'Uwende vun den Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologië bei staatlechen Demarchen, woubäi digital Mëttele benotzt ginn, fir ëffentlech Aufgaben ze erfëllen.

 

 

"E-Learning"

Ënner E-Learning (elektronesch ënnerstëtzt Léieren; heiansdo och eLearning) versteet ee sämtlech Léisungen an Instrumenter, fir mat elektronesche Mëttelen ze léieren. Zum E-Learning gehéiere Léierwebsäiten, Distanzunterrecht, Telematikunterrecht a virun allem och E-Training. E-Learning an elektronesch Formatiounsservicer weisen déi nei Méiglechkeeten, déi d'Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien am Beräich vun der Didaktik an der Methodik bidden.

Ënnerstëtzt Kommunikatioun

Ënnerstëtzt Kommunikatioun ëmfaasst sämtlech mënschlech Mëttele souwéi sämtlech Hëllefsmëttelen, mat deene Leit mat Verstännegungsschwieregkeete kënne kommunizéieren, andeems déi feelend Lautsprooch ersat oder eng defizient Verstännegung ergänzt gëtt.

Ënnerstëtzungstechnologien

Bei den Ënnerstëtzungstechnologien handelt et sech ëm Ariichtungen, Dispositiffen oder Software, fir d'Technologien un dʼBedierfnesser vun eelere Leit oder vu Leit mat Behënnerungen unzepassen. Am Mëttelpunkt vun den Ënnerstëtzungstechnologië stinn Innovatioun souwéi dʼVerbesserung vun der Qualitéit an der Disponibilitéit vun Assistenz-Dispositiffen, déi als Zil hunn, funktionell Aschränkungen an hir Auswierkungen ze iwwerwannen oder auszegläichen.

Gerontechnologie

D'Gerontechnologie ëmfaasst eng Rei Technologien, déi an der Reegel innovativ sinn an entwéckelt ginn, fir de Senioren an hire Fleege- an Hëllefspersounen e bessert Liewen ze erméiglechen an hinnen a ganz ville Beräicher den Alldag ze erliichteren. D'Aart a Weis, wéi een esou Systemer fir Leit, déi mat de betreffenden Technologien net vertraut sinn, ka konzipéieren, gehéiert och zu dësem Theemeberäich.

Glasfaser

Als Häerzstéck vum Internet mat Héchstgeschwindegkeet berout de Glasfaser-Uschloss op engem Datentransfert a Form vu Liichtimpulsen.

Grondleeënd digital Kompetenzen

Ënner grondleeënden digitale Kompetenze versteet ee sämtlech Basiskompetenzen, déi néideg sinn, fir datt Leit online aktiv kënne ginn, fir Informatiounen ze verwalten, ze kommunizéieren, ze veraarbechten, Problemer ze léisen an a Sécherheet ze surfen.

Héichleeschtungsinternet

Als Héichleeschtungsinternet bezeechent een eng Internetverbindung mat enger Download-Vitess vun op d'mannst 25 Megabit pro Sekonn (Mbit/s) an enger Upload-Vitess vun op d'mannst 3 Mbit/s.

"Homework Gap"

Vun engem "Homework Gap" schwätzt een, wa Schüler Hausaufgabe musse maachen, fir déi se en Internetuschloss brauchen, doheem awer keen hunn.

IKT

IKT sinn Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien, d. h. Technologien aus den Domänen EDV (elektronesch Dateveraarbechtung), audiovisuell Medien, Multimedia, Internet an Telekommunikatioun, mat deenen d'Benotzer kommunizéieren, op Informatiounsquellen zougräifen an Informatiounen a verschidde Forme späicheren, geréieren, schafen an iwwermëttele kënnen.

Internet vun de Saachen

Als Internet vun de Saachen (IoT − Internet of Things) bezeechent ee physesch Objete mat integréierte Sensoren, Veraarbechtungscapacitéit, Software an aneren Technologien, déi sech iwwer den Internet oder aner Kommunikatiounsreseaue mat aneren Apparater a Systemer verbannen a mat dësen Donnéeën austauschen.

Kënschtlech Intelligenz

Bei der kënschtlecher Intelligenz (KI) handelt et sech ëm e Prozess, bei deem déi mënschlech Intelligenz nogemaach gëtt an deen op dem Schafen an Uwende vun Algorithme berout, déi an enger dynamescher IT-Ëmgéigend ausgeféiert ginn. D'Zil ass, datt Computeren an der Lag sinn, wéi Mënschen ze denken an ze handelen. KI an autonom Systemer erméiglechen dʼSchafe vu benotzerzentréierte Léisungen an Ënnerstëtzungstechnologien.

Kodéieren

Ënner kodéiere versteet een d'Ausschaffe vu Programméiercoden, mat deene Leit mat Computere kommunizéieren an dësen Uweisunge ginn.

Mediekompetenz

Bei der Mediekompetenz handelt et sech ëm d'Fäegkeet, Zougang zu sämtleche Forme vun der Kommunikatioun ze hunn an dës och anzesetzen, ze analyséieren, ze bewäerten an ze gestalten. D'Mediekompetenz erméiglecht et de Leit, kritesch ze denken an Entscheedungen ze treffen, effikass ze kommunizéieren an aktiv Bierger ze sinn.

Online-Sécherheet

D'Fäegkeet, Cybermenacen (z. B. Hacker, Bedruch, Schuedsoftware a Phishing-Ugrëff) opzedecken, fir déi bewäert Prozeduren ze verstoen a fir d'Sécherheetsoutilen, déi fir den Dateschutz gëeegent sinn, ze benotzen. Online-Sécherheet betrëfft och d'Fäegkeet, Online-Riske wéi Cybermobbing, "Grooming", Radikaliséierung souwéi problematesch Contenuen (z. B. gewaltäteg an obszön Contenuen) ze geréieren, gradesou wéi d'Fäegkeet, dës Risken ze evitéieren an ze limitéieren.

"Universal Design"

D'Virstellung, datt d'Normen am Hibléck op d'Accessibilitéit an d'Benotzerfrëndlechkeet musse matenee kombinéiert ginn, fir datt eng Technologie entsteet, déi vu jidderengem ka benotzt ginn. Beim "Universal Design" (universellen Design) vun Internetsäiten, Appen oder digitale Servicer weist sech dat proaktiivt Uwende vu Grondsätz, Methoden an Hëllefsmëttelen, fir den Ufuerderunge vun enger méiglechst grousser Benotzergrupp, dorënner Leit mat Behënnerungen, gerecht ze ginn.

Vertrauen am digitalen Ëmfeld

D'Vertrauen am digitalen Ëmfeld ass d'Iwwerzeegung vun enger Persoun, datt se beim Benotze vun digitalen Technologië kompetent a sécher ass, zum Beispill wann et drëm geet, d'Zouverlässegkeet vun Informatiounen aus dem Internet ze beurteelen oder perséinlech Donnéeën ze schützen.

Aktualiséiert den