Formatioun „Digital Mentor“ mat GoldenMe
D‘ASBL GoldenMe organiséiert eng gratis Formatioun fir „Digital-Mentor“ ze ginn an zur digitaler Inklusioun vun eelere Bierger bäizedroen.
Wéini? Den 3. an 10. Mäerz, vun 13:30 bis 16:30 Auer
Wou? Dernier Sol 1, L-2543 Bonneweg
Dëse Basis-Formatiounscours deen iwwert zwee Deeg leeft, riicht sech u Leit mat digitale Grondkompetenze (Smartphone, Computer), déi hiert Wësse wëllen deelen. D'Participatioun u béidFormatiounsdeeg ass obligatoresch, an d'Formatioun gëtt op Franséisch ofgehalen.
Als "digitale Mentor" hëlleft Dir eelere Leit besser mam Digitalen eens ze ginn, fërdert sozial Inklusioun an entwéckelt Är eegen digital Fäegkeeten duerch zousätzlech Formatiounen (Online-Sécherheet, sozial Netzwierker, kënschtlech Intelligenz) weider.
Fir méi Informatiounen, besicht d'GoldenMe-Websäit oder schéckt eng E-Mail un info@goldenme.lu.
Aktualiséiert den