Éisleker Koppen: E Gesellschaftsspill fir d’digital Kompetenze vu Senioren ze stäerken

 

De Club Aktiv+ Club Haus op der Heed huet den 20. Februar offiziell d’Gesellschaftsspill Éisleker Koppen presentéiert. Dëst innovatiivt Spill huet d’Zil, d’digital Kompetenze vu Persounen ab 50 Joer duerch eng spilleresch an zougänglech Approche ze stäerken, direkt inspiréiert un der Regioun Éislek.

Entwéckelt am Kader vum Opruff fir Projeten 2025–2026 vum Ministère fir Digitaliséierung, setzt d‘Éisleker Koppen op spillerescht Léieren, fir de Participanten digital Outile méi no ze bréngen, si zu gudde Praktiken am Beräich vun der Cybersécherheet ze sensibiliséieren an hir Selbststännegkeet ze fërderen. Nieft dem pädagogeschen Aspekt fërdert d'Spill och den intergenerationellen Austausch a schaaft domat eng frëndlech an inklusiv Atmosphär.

Baséierend op de Besoine vu sengerZilgrupp, ass d‘Éisleker Koppen einfach, interaktiv an u verschidden Niveauen am Ëmgang mat digitale Medien ugepasst.

Fir weider Informatiounen, kënnt Dir d‘Club Haus op der Heed ënnert dëser Adress kontaktéieren: info@opderheed.lu.

Aktualiséiert den