BEE SECURE

D'Regierungsinitiativ BEE SECURE soll Kanner a Jugendlecher sensibiliséieren iwwert e sécheren, verantwortungsvollen a positiven Ëmgang mat den Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologië. D'Initiativ bitt verschidde Sensibiliséierungsformatiounen un fir Kanner a Jugendlecher, Weiderbildungen fir Enseignanten an Educateuren an och Owender fir Elteren.

De Webportal stellt och eng Informatiounsplattform duer, wou eng breet Palette vu Ressourcen ze fannen ass: BEE SECURE publizéiert reegelméisseg Inhalter, dorënner Publikatioune wéi Guiden, Informatiounsblieder, Bildungsmaterial a Berichter.

D'BEE SECURE Helpline (8002 1234) ass en Telefons-Berodungsservice vum Kanner-Jugendtelefon (KJT). Si bitt all Bierger vu Lëtzebuerg gratis, anonym a vertraulech Informatiounen, Berodung a personaliséiert Hëllef a Saachen Online-Sécherheet a verantwortungsvollt Notze vun den ICT.

D'BEE SECURE Stopline, déi och vum KJT bedriwwe gëtt, erméiglecht et de Bierger illegal online Inhalter anonym a vertraulech ze mellen:

  • Inhalter zu sexuellen Mëssbrauch op Mannerjäregen;
  • rassistesch, revisionistesch, diskriminéierend Inhalter;
  • terroristeschen Inhalt.

BEE SECURE

Adress:
40 Bd Pierre Dupong L-1430 Luxembourg
Luxembourg
Weider op de Site vun:
BEE SECURE

Aktualiséiert den