Digital Learning Hub
Den Digital Learning Hub vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend ass en Ausbildungscenter, dee Formatiounen am Beräich vun der Informatik ubitt. D'Coursë riichten sech u Professioneller, déi hir Kompetenze verbessere wëllen, awer och un all déi, déi en Abléck an d'Welt vun der Informatik kréie wëllen. Den Digital Learning Hub bitt e Katalog un mat enger diversifizéierter Offer u Formatiounen an digitale Kompetenzen un fir Ufänger an avancéiert Leit.
Dobäi geréiert den Digital Learning Hub och 42 Luxembourg, eng gratis Programméierschoul fir all Persoun iwwer 18 Joer. Dës Schoul funktionéiert ouni Enseignanten oder Klassen an ass 24 Stonnen am Dag, 7 Deeg d'Woch op.
Digital Learning Hub
- Adress:
- Terres rouges building | 14, porte de France L-4360 Esch-sur-Alzette Luxembourg
- Telefon:
- +352 24 79 52 42
- E-mail:
- info@dlh.lu
- Weider op de Site vun:
- Digital Learning Hub
Aktualiséiert den