Service de la formation des adultes (Erwuessenebildung)
De Service Erwuessenebildung vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend beméit sech all Joer fir Erwuessener eng breet Palette u Qualitéitsausbildung unzebidden. Dës ginn a verschiddene Sproochen an fir verschidden Niveauen (Ufänger, Mëttelstuf, Fortgeschratt) ugebueden, fir liewenslaang Léieren fir jiddereen eng Realitéit ze maachen.
De Service proposéiert dräi Typpe vu Formatioune fir Erwuessener:
- den zweete Bildungswee, dee mat engem unerkannten Diplom resp. enger unerkannter Ausbildung ofschléisst;
- eng Grondbildung, fir besser schreiwen, liesen a rechnen ze léieren;
- déi allgemeng a politesch Erwuessenebildung.
De Service bitt spezifesch Coursë fir digital Basisinstruktiounen an allen dräi Aarte vun der Erwuessenebildung un.
Service de la formation des adultes (Erwuessenebildung)
- Adress:
- 15, rue Léon Hengen L-1745 Luxembourg Luxembourg
- Telefon:
- +352 8002-4488
- E-mail:
- sfa@men.lu
- Weider op de Site vun:
- Service de la formation des adultes (Erwuessenebildung)
Aktualiséiert den