Digitalskills.lu: D'Plattform fir d'Entwécklung vun digitale Fäegkeeten an Talenter

Déi nei Versioun vun der Digitalskills.lu Plattform, den "One Stop Shop" fir all Formatiounen an Neiegkeeten iwwer digital Kompetenzen a Méiglechkeeten zu Lëtzebuerg, ass elo online.

An enger ëmmer méi digitaler Welt ginn ëmmer méi digital Fäegkeeten a Kompetenzen gebraucht. Fir deem entgéint ze wierken, huet d’Regierung an Zesummenaarbecht mat der Chambre de Commerce an der Handwierkskammer Digitalskills.lu gegrënnt, eng Plattform, op där jiddereen, dee un digitale Kompetenzen interesséiert ass, ka matmaachen.

D'Plattform bitt eng Vielfalt vun Inhalter, wéi z B. Formatiounsofferen oder déi lescht Neiegkeeten an Eventer am Zesummenhang mat digitalen Themen. Zousätzlech ass d'Instrument direkt mat den Initiativen vun den EU-Memberstaaten iwwer en Interoperabilitéitssystem mat der europäescher Plattform "Digital Skills and Jobs Platform" verbonnen.

Méi Informatioun: Offiziell Kommunikatioun (op Franséisch) vum Departement fir Medien, Konnektivitéit an Digital Agenda (SMC)

Aktualiséiert den