Created on
Salon fir digital Inklusioun
KOMMT A STELLT ÄR FROEN IWWER DÉI DIGITAL TOOLS DÉI DIR BESSER WËLLT BEHERRSCHEN!
De 17. Mee 2024, invitéiert Iech de Ministère fir Digitaliséierung op de Salon fir digital Inklusioun, organiséiert am Kader vum Nationalen Dag fir digital Inklusioun 2024.
Kommt a profitéiert vun dëser eenzegaarteger Geleeënheet fir op enger Plaz Vertrieder vu verschiddene Associatiounen, Firmen an ëffentlechen Entitéiten ze treffen, déi komm sinn fir Erklärungen zu hiren digitalen Servicer a Projete ze ginn.
Nëtzlech Informatiounen
17. Mee vun 13.30 bis 18.00 Auer
Forum Geesseknäppchen
40, bd Pierre Dupong, L-1430 Luxembourg
Dësen Salon ass dat éischt allgemeng ëffentlecht Event vun dëser Aart, dat zu Lëtzebuerg organiséiert gëtt, an ass en Deel vun den Efforten vum Digitaliséierungsministère fir all déi Leit, déi de digitale Wee wielen, an déi digital Transitioun vun der Gesellschaft matazebezéien. Op der Plaz kënnt Dir Representanten vu verschidden Organisatiounen treffen:
- SOCIALware
- Fondation ABBL
- Digital Learning Hub / 42 Luxembourg
- Guichet.lu
- Croix Rouge
- BGL BNP Paribas
- Digital Inclusion
- ErwuesseBildung
- IMS Luxembourg
- CMCM (Caisse Médico Complémentaire Mutualiste)
- Oasis Digital Center - Caritas Luxembourg
- Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch
- Club Aktiv Plus
- Payconiq
- lifelong-learning.lu powered by INFPC
- CFL
- GoldenMe
- Luxembourg Tech School
- Office de la surveillance de l'accessibilité des produits et services
- Agence eSanté
- Club Haus op der Heed
- BEE SECURE
- Code Club Luxembourg
- Stëftung Hëllef Doheem
- Kids Life Skills - engaging STEM activities for kids
- CLAE & Maison des associations
- Dysaccess
- Afrilanthropy/Riding the Rainbow
- Girls in Tech
- LuxTrust
Wann Dir wëllt e Stand wärend dem Salon fir digital Inklusioun hunn, da mell Iech beim Ministère op follgend Adress: info@zesummendigital.public.lu
Am Kader vum nationalen Dag vun der digitaler Inklusioun ginn och Aktivitéiten uechtert d’Land organiséiert. Méi Informatioune fannt dir hei.
Aktualiséiert den