Opruff fir Projete fir digital Inklusioun 2026 – 2027
Am Kader vun der Ëmsetzung vum Nationalen Aktiounsplang fir Digital Inklusioun huet de Ministère fir Digitaliséierung en Opruff gemaach, fir Pilotprojeten am Joer 2026 ze finanzéieren, déi d’digital Inklusioun zu Lëtzebuerg fërderen.
Déi agereechte Projete mussen an den Aktiounsberäich vun engem vun de follgende Schwéierpunkte falen: “Zougang zu Material an digital Connectivitéit“, “Universell Accessibilitéit an inklusiv Contenuen“ an “Raim a Begleedung fir digital Inklusioun“."
Den éischten Opruff fir Projete gouf 2022 lancéiert a 6 Projete kruten eng Finanzéierung garantéiert. Déi zweet Editioun gouf 2023 lancéiert a 7 Projete kruten eng Finanzéierung. Fir de Projetopruff 2024-25 goufe 5 Projeten ausgewielt. Bei der Editioun 2025–2026 goufe 4 Projeten ausgewielt. Fir den Opruff fir Projeten 2026-27 huet de Ministère fir Digitaliséierung nees eng Budgetsenveloppe vun 250.000 Euro.
Fir erauszefannen, wéi ee matmaache kann, ginn zwou Online-Informatiounsversammlungen organiséiert, an zwar Méindes, de 15. Dezember 2025 um 11:00 Auer an Dënschdes, de 13. Januar 2026 um 15:00 Auer. Wann Dir interesséiert sidd fir matzemaachen, mellt Iech op info@zesummendigital.public.lu a sot eis u wéi enger Sessioun Dir wëllt deelhuelen.
D'Deadline fir d'Erareeche vun de Projeten ass de 13. Februar 2026 um 12 Auer Mëttes. D'Detailer vum Opruff an d'Formulairë fannt Dir um Internetsite vum Ministère fir Digitaliséierung op www.digitalisation.lu.
Consultéiert d'Sektioun "Präis fir digital Inklusioun" fir erauszefanne wéi eng Projeten an de leschte Joren ausgewielt goufen.
Aktualiséiert den