6. Interdisziplinäre Forum iwwer digital Inklusioun
De Ministère fir Digitaliséierung freet sech déi nächst Editioun vum interdisziplinäre Forum iwwer digital Inklusioun unzekënnegen. Dëst Evenement bréngt Experten an engagéiert Acteuren zesumme, fir sech iwwer digital Inklusioun zu Lëtzebuerg auszetauschen.
Wéini?
Freides, den 16. Mee 2025, vu 14:30 Auer un.
Wou?
Luxexpo – The Box
10 Circuit de la Foire internationale
L-1347 Luxemburg
Programm:
14:30 Auer: Accueil vun de Participanten
15:00 Auer: Table ronde "Kënschtlech Intelligenz an der Educatioun: Innovatiounen a Erausfuerderung"
- Dr Serge Linckels (Digital Learning Hub)
- Daniela Hau (Service de coordination de la recherche et de l'innovation pédagogiques et technologiques)
- Dr Robert Reuter (Uni.lu)
- Georges Jentgen (Luxembourg Tech School ASBL)
16:00 Auer – Table ronde: "D’Kompetenze vum digitale Bierger: de Schlëssel fir eng gelongen Inklusioun"
- Anne Calteux (Representantin vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg)
- Romain Schroeder (Zentrum fir politesch Bildung)
- Mira Sorrentino (Respect.lu ASBL)
- Dr Raphaël Kies (Uni.lu)
17:00 Auer – Iwwerreechung vum Präis fir digital Inklusioun 2025
vum Stéphanie Obertin, Ministesch fir Digitaliséierung
D’Evenement ass op Lëtzebuergesch a Franséisch, mat enger Simultaniwwersetzung vu Lëtzebuergesch op Franséisch. Zum Ofschloss gëtt e Patt offréiert.
Interesséiert Persoune kënnen sech iwwer info@zesummendigital.public.lu umellen.
Aktualiséiert den