KI-Léierbud: Eng nei Plattform fir d’kënstlech Intelligenz ze entdecken

 

De Projet KI-Léierbud ass elo offiziell online. Dës innovativ Plattform bitt de Benotzer d’Méiglechkeet, an d’Welt vun der kënschtlecher Intelligenz anzetauchen an hiert Wëssen an dësem séier wuessende Beräich ze testen.


Ënnerstëtzt vum Ministère fir Digitaliséierung am Kader vu sengem järlechen Projets-Opruff fir d’Promotioun vun der digitaler Inklusioun , entsprécht dës Initiativ dem nationale Wëllen, nei Technologie fir jiddereen zougänglech ze maachen.


D’Entwécklung vun der KI-Léierbud ass duerch d’Zesummenaarbecht tëscht Visual Online an neon internet méiglech ginn, mat der wäertvoller Hëllef vum Bénévole Marco Barnig. Hir kombinéiert Expertise huet et erméiglecht, eng interaktiv a pädagogesch Plattform ze entwéckelen, fir de Public iwwert d’Erausfuerderungen an d’Chancë vun der kënschtlecher Intelligenz ze sensibiliséieren.


D’Benotzer kënnen d’Plattform ab elo entdecken an hiert Wëssen testen, andeems si op déi offiziell Websäit ginn: www.ki-leierbud.lu.

Aktualiséiert den