Created on
Salon fir digital Inklusioun 2025
KOMMT A STELLT ÄR FROEN IWWER DÉI DIGITAL TOOLS DÉI DIR BESSER WËLLT BEHERRSCHEN!
De 17. Mee 2025, invitéiert Iech de Ministère fir Digitaliséierung op de Salon fir digital Inklusioun, organiséiert am Kader vum Nationalen Dag fir digital Inklusioun 2025.
Kommt a profitéiert vun dëser eenzegaarteger Geleeënheet fir op enger Plaz Vertrieder vu verschiddene Associatiounen, Firmen an ëffentlechen Entitéiten ze treffen, déi komm sinn fir Erklärungen zu hiren digitalen Servicer a Projete ze ginn.
Nëtzlech Informatiounen
17. Mee vun 10.30 bis 17.00 Auer
LuxExpo
10, Circuit de la Foire internationale, L-1347 Luxembourg
Dësen Salon ass dat éischt allgemeng ëffentlecht Event vun dëser Aart, dat zu Lëtzebuerg organiséiert gëtt, an ass en Deel vun den Efforten vum Digitaliséierungsministère fir all déi Leit, déi de digitale Wee wielen, an déi digital Transitioun vun der Gesellschaft matazebezéien. Op der Plaz kënnt Dir Representanten vu verschidden Organisatiounen treffen:
- Aisance
- Afrilanthrophy / Riding the Rainbow
- Agence eSanté
- Akzent - Zenter fir accessibel Kommunikatioun
- APEMH
- BGL BNP Paribas
- Centre pour le Développement des compétences relatives à la Vue
- CFL
- CLAE
- Club Aktiv +
- Club Haus op der Heed
- Crunch Box
- Dalza
- Digital Inclusion
- ErwuesseBildung
- GoldenMe
- Guichet.lu / MyGuichet
- INOLIB
- lifelong-learning.lu powered by INFPC
- Luxembourg Multi-Learn Institute
- Luxembourg Tech School
- LuxTrust
- Maison des Associations
- Ministère de la Digitalisation
- Office de la surveillance de l'accessibilité des produits et services
- Stëftung Hëllef Doheem
- WeStem+
- Zentrum fir Lëtzebuerger Sprooch
- Zentrum fir politesch Bildung
Wann Dir wëllt e Stand wärend dem Salon fir digital Inklusioun hunn, da mell Iech beim Ministère op follgend Adress: info@zesummendigital.public.lu.
Aktualiséiert den