Safer Internet Day 2025

Wéi all Joer organiséiert de Reseau Insafe/INHOPE am Numm vun der Europäescher Kommissioun de Safer Internet Day (SID). Den SID ass en alljärlecht weltwäit Event, dat am Februar a ronn 150 Länner organiséiert gëtt, fir eng méi sécher a positiv Notzung vun digitalen Technologien ze fërderen an e responsabelt Verhalen online z‘encouragéieren.

D'Editioun 2025 gëtt ënnert dem Thema " Together for a better internet " organiséiert, zu där BEE SECURE mat verschiddenen Aktivitéite bäidréit, a fënnt de 11. Februar statt. All BEE SECURE Formatioune fir Schoulen an Elterenowenter, déi am Februar stattfannen, wäerten sech mam SID 2025 befaassen.

D'Participatioun ass fir jiddereen op: Kanner, Jugendlecher, Elteren, Educateuren, Enseignanten a Sozialaarbechter souwéi Vertrieder aus der Industrie, der Politik an der Zivilgesellschaft si invitéiert, um Safer Internet Day (SID) deelzehuelen. Huelt um Safer Internet Day deel a proposéiert Är Iddien iwwert den Online Formulaire oder inspiréiert Iech vun existenten Initiativen! Fannt méi Informatiounen iwwert de Safer Internet Day 2025 a villes méi op der BEE SECURE Websäit.

Aktualiséiert den