Konferenz "Kompetenze vu Muer am Zäitalter vun der KI" vun IMS Lëtzebuerg

 

IMS Lëtzebuerg organiséiert an Zesummenaarbecht mam Staatsministère – Departement fir Medien, Connectivitéit an digitalen Agenda, dem Aarbechtsministere, dem Ministère fir Digitaliséierung an dem Europäesche Sozialfong eng Konferenz zum Theema "Kompetenze vu Muer am Zäitalter vun der Kënschtlecher Intelligenz (KI)". D’ Konferenz bitt d’Geleeënheet, dës Froen ze diskutéieren an de Lëtzebuerger Usaz fir d’Begleedung vun dëse Verännerungen z’entdecken.

Experten, Entreprisen an international Institutioune wäerten hir Erfarungen a Perspektiven zur Entwécklung vun digitalen a KI-Kompetenzen, zur Virbereedung vun der Aarbechtskraaft souwéi der liewenslänglecher Weiderbildung deelen.

Am Kader vun der Konferenze wäerten ausserdeem déi wichtegst Resultater an Erkenntnisser vum Pilotprojet "New Tech Adaptations in Company" (NTAC) virgestallt ginn.

Wéini? Dënschdeg, 20. Oktober 2026, vu 14:30 bis 19:00 Auer

Wou? Forum Geesseknäppchen, 40 Boulevard Pierre Dupong, Hollerich

Fir ween? Jiddereen ass wëllkomm.

De komplette Programm souwéi de Formulaire fir sech unzemelle fannt Dir op der entspriechender Websäit vun IMS Lëtzebuerg.

Aktualiséiert den