Konferenz „UniverCITY Talks: Firwat loossen mir eis online esou liicht manipuléieren?“ vun der Uni Lëtzebuerg

 

Am Kader vun hirer Eventserie "UniverCITY Talks" organiséiert d’Uni Lëtzebuerg eng Table ronde zum Theema "Firwat loossen mir eis online esou liicht manipuléieren?" ("What makes us so easy to manipulate online?").

D’Diskussioun wäert sech domat befaassen, wéi eist Online-Ëmfeld beaflosst, wat mir gesinn, gleewen an deelen – vun Arnaquen a Falschinformatioune bis hin zu Algorithmen a KI – a wéi mir dës Aflëss besser verstinn an domat ëmgoe kënnen.

Wéini? Dënschdeg, den 29. September 2026, vun 18:00 bis 19:15 Auer

Wou? Tero House17 – 17, rue du Nord, L-2229 an der Uewerstad

Fir ween? Jiddereen ass wëllkomm.

De komplette Programm souwéi de Formulaire fir sech unzemelle fannt Dir op der entspriechender Websäit vun der Uni Lëtzebuerg.

Aktualiséiert den