Woch fir digital Inklusioun 2026: Dat Digitaalt fir jiddereen!
An enger Zäit an där d’Digitaliséierung eisen Alldag präägt, bleift den universellen Zougang zu den digitalen Outilen, Déngschter a Kompetenzen eng grouss Erausfuerderung. An dësem Kontext fënnt vum 23. bis den 28. November 2026 déi éischt Woch fir digital Inklusioun statt, eng Initiativ am Kader vum zweeten nationalen Aktiounsplang fir digital Inklusioun. Organiséiert vum Ministère fir Digitaliséierung an Zesummenaarbecht mat senge Partner, huet dës Woch d’Zil, d'Bewosstsi fir dëse Sujet ze stäerken, Formatiounen unzebidden a jiddereen un een Dësch ze bréngen, fir d'Erausfuerderunge vun der digitaler Inklusioun unzegoen.
Ee räichhaltegen an ofwiesslungsräiche Programm fir all Zilgrupp
Wärend der kompletter Woch steet Lëtzebuerg am Zeeche vun der digitaler Inklusioun, gedroe vum Engagement vun den Acteure vum Terrain. Am Kader vun zuelräiche konkreten Initiativen, bidden si Aktivitéite fir all Zilgruppen un, fir déi digital Welt méi verständlech ze maachen, Basiskompetenzen ze vermëttelen an innovativ Outile virzestellen.
No enger éischter Réi vun Aktivitéite voller Entdeckungen a lokalen Aktiounen, bréngt den 9. Interdisziplinäre Forum iwwer Digital Inklusioun Freideg de 27. November 2026 zu neimënster (28, rue Münster, L-2160 Luxembourg) Experten an Acteuren zesummen, déi sech fir d’Fërderung vun der digitaler Inklusioun zu Lëtzebuerg engagéieren. Duerch eng Table-ronde iwwer digital Mediekompetenz souwéi Presentatioune vu Projeten an Initiativen zur digitaler Inklusioun soll de Forum ee Raum fir Dialog a Reflexioune bidden.
Den Ofschloss vun dëser Woch bilt de Salon fir digital Inklusioun, dee Samschdeg den 28. November 2026 zu neimënster stattfanne wäert. Wéi bei de viregten Editiounen, wäert dësen Event un deem jiddereen deelhuele kann,, eng Panoplie un Informatiounsstänn vun de verschiddensten Acteuren ubidden. D’Visiteure kréie soumat d’Geleeënheet, op enger Plaz versammelt, zuelräich lokal Initiative kennenzeléieren a Vertrieder vu verschiddenen Organisatiounen, Entreprisen an ëffentlech Institutiounen ze treffen, déi sech dagdeeglech dofir asetzen, déi digital Welt méi zougänglech ze maachen, a sech an direkter Linn iwwert hir digital Solutiounen a Projeten informéieren.
Wéi kënnt Dir matmaachen?
D’Woch fir digital Inklusioun riicht sech u jiddereen. Kuckt Iech einfach den detailléierte Programm op der Websäit www.digitalwoch.lu un a wielt déi Aktivitéiten aus un deenen Dir deelhuele wëllt.
Loosst eis zesummen aus dëser Woch fir digital Inklusioun een onverzichtbartEvent zu Lëtzebuerg maachen!
Aktualiséiert den