8. Interdisziplinäre Forum iwwer digital Inklusioun
De Ministère fir Digitaliséierung freet sech déi nächst Editioun vum interdisziplinäre Forum iwwer digital Inklusioun unzekënnegen. Dëst Evenement bréngt Experten an engagéiert Acteuren zesumme, fir sech iwwer digital Inklusioun zu Lëtzebuerg auszetauschen.
Wéini?
Mëttwoch, den 20. Mee 2026, ab 14:30 Auer
Wou?
Pavillon SKIP
6, Av. Des Hauts-Fourneaux
L-4362 Belval, Esch-sur-Alzette
Programm:
14:00 Auer: Accueil vun de Participanten
14:30 Auer: Usprooch
14:35 Auer: Presentatioun vum Nationalen Aktiounsplang fir digital Inklusioun 2026–2030 vum Ben Max (Ministère fir Digitaliséierung)
15:00 Auer: Keynote „Vu Luxusbuerg bis LLM – déi digital Geschicht vum Lëtzebuergeschen“ vun der Dr. Caroline Döhmer (Uni.lu)
15:45 Auer: Table-Ronde zum Thema „Sprachbarrièren an der digitaler Welt iwwerwannen“
- Josiane Boever (Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, Kulturministère)
- Alain Vagner (Informatiouns- a Pressedéngscht, Staatsministère)
- Daniel Wagener (Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, Kulturministère)
- Pit Frank (GovTech Lab, Ministère fir Digitaliséierung)
16:45 Auer: Iwwerreechung vum Präis fir digital Inklusioun 2026 vum Stéphanie Obertin, Ministesch fir Digitaliséierung
17:15 Auer: Ofschlosswuert
D'Evenement fënnt komplett op Lëtzebuergesch statt, mat enger simultaner Iwwersetzung vu Lëtzebuergesch op Franséisch. Fir den Ofschloss gëtt e Patt offréiert.
Interesséiert Persoune kënnen sech iwwer follgende Link umellen: iDentials.
Aktualiséiert den