Guichet.lu on tour: d’ëffentlech Servicer an Ärer Regioun!
Ab dem 30. November 2026 ass d’Ekipp vu Guichet.lu mat engem speziell ekipéierten a komplett elektresche Bus uechter ganz Lëtzebuerg ënnerwee.
D‘Zil? Déi ëffentlech Servicer esou no wéi méiglech bei Iech ze bréngen.
Am Bus kritt Dir individuell Ënnerstëtzung bei Ären administrativen Demarchen a bei der Notzung vun der Plattform MyGuichet.lu. Jee no Besoin kënnen d’Agenten Iech och un déi zoustänneg Servicer weider orientéieren.
U Bord kënnt Dir ënnert anerem och Är Lëtzebuergesch Identitéitskaart an Äre Führerschäin ufroen an dobäi d’Foto och direkt op der Plaz maachen.
Doriwwer eraus stinn Iech Computer mat Internetzougang zur Verfügung, fir Är administrativ Demarchen online ze maachen.
Dës regional Ulafplazen ergänzen de physesche Guichet.lu an der Stad.
Déi éischt Datumer an Arrête fannt Dir op guichet.lu/on-tour.
Aktualiséiert den