Safer Internet Day 2026

 

Wéi all Joer organiséiert de Reseau Insafe am Numm vun der Europäescher Kommissioun de "Safer Internet Day" (SID). D'Editioun 2026 gëtt ënner dem Slogan " Together for a better internet " ofgehalen a fënnt vum 10. bis den 19. Februar statt. An dësem Kader wäert BEE SECURE verschiddene Aktivitéiten zum Evenement bäidroen, wéi och Partner wéi GoldenMe an d'ULC, déi eegen Initiativen ubidden.

All Formatioune fir Schoulen an d'Elterenowender, déi an dëser Period vun BEE SECURE organiséiert ginn, si dem SID 2026 gewidmet. D'Participatioun ass fir jiddereen op (Kanner, Jugendlech, Seniore, Enseignanten, Erzéiungspersonal, Betriber, asw.) mat dem Zil, de sécheren a verantwortungsvollen Ëmgang mat Medien a Technologie ze fërderen.

Huelt um "Safer Internet Day" deel a proposéiert Är Iddien iwwert den Online Formulaire oder inspiréiert Iech un de bestoenden Initiativen!

Fannt méi Informatiounen iwwert de "Safer Internet Day 2026" a villes méi op der BEE SECURE Websäit.

Aktualiséiert den