World Consumer Day: "Cyberkriminalitéit: Wéi kann een sech am Alldag besser schützen?“
Am Kader vum Weltverbraucherdag (World Consumer Day) organiséiert d’Direktioun fir Konsumentechutz, an Zesummenaarbecht mat der Union Luxembourgeoise des Consommateurs (ULC) an dem Centre Européen des Consommateurs Luxembourg (CEC), eng Konferenz zum Thema: „Cyberkriminalitéit: Wéi kann een sech am Alldag besser schützen?“
Wéini?
Donneschdeg, den 12. Mäerz 2026, vun 18:30 bis 20:00 Auer
Wou?
Salle Malt – Innovative Factory
1, Rue de la Tour Jacob, L-1831 Lëtzebuerg
Programm:
Den Haaptriedner ass de Philipp Kalweit, en unerkannten Expert fir Cybersécherheet an etheschen Hacker. Bekannt fir seng dynamesch an interaktiv Virträg, wäert hien seng Ausféierungen unhand vu Simulatiounen, konkrete Beispiller a reelle Situatioune veranschaulechen. Säin Usaz ass fir jiddereen zougänglech: keen onnéidege Fachjargon, mee kloer, verständlech an direkt ëmsetzbar Erklärungen.
No dem Virtrag fënnt eng Podiumsdiskussioun mat e puer Experten aus dësem Beräich statt, déi hir Erfarungen austauschen an d’Froe vum Publikum beäntweren. Eng Simultan-Iwwersetzung ass virgesinn.
Interesséiert Persoune kënnen sech iwwer dëse Link fir d’Evenement umellen.
Aktualiséiert den