De Projet ÉISLEKER KOPPEN huet als Ziel, d’digital Fäegkeete vu Senioren ab 50 Joer ze verbesseren, andeems en interaktiivt Gesellschaftsspill entwéckelt gëtt, dat vun der Éislek-Regioun inspiréiert ass. Duerch spillerescht Léiere kënnen d’Participanten digital Outile kenneléieren, e Bewosstsi fir Cybersécherheet entwéckelen an hir Selbstännegkeet stäerken, gläichzäiteg ginn och Generatiounen zesummebruecht. D’Spill ass speziell esou entwéckelt ginn, datt et accessibel an ënnerhalsam ass, souwéi un d’Besoine vum Zilpublikum ugepasst ass.