D’Asbl ErwuesseBildung erweidert hir Offer un Formatiounen an den digitale Kompetenzen

Enn Abrëll hunn de Marc Hansen, Delegéierte Minister fir Digitaliséierung, an d'Vertrieder vun der Asbl ErwuesseBildung, de Pit Peporté an d'Ulrike Kohl, eng Konventioun fir d'Joer 2022 ënnerschriwwen, iwwer Formatiounen an den digitale Kompetenze fir Erwuessener.

Duerch d'Weiderféiere vun der Zesummenaarbecht déi am Joer 2021 ageleet gouf, kënnen d'Organisatiounen déi am soziale Beräich schaffe weiderhi vun der gratis Ausbildung an digitale Kompetenze profitéiere déi d‘'sbl ErwuesseBildung ubitt. Donieft verpflicht sech d'Asbl, d'Formateuren an de concernéierten Organisatioune weider ze preparéieren, fir datt si dës Formatioun am Géigenzuch ubidden. Dës Formatioun erweidert den Zougang zu digitale Fäegkeeten, well d'Associatioune méi onofhängeg si fir d'Formatioun vun hire Memberen z'organiséieren.

Den Accord dee fir 2022 ënnerschriwwe gouf, markéiert och de Wonsch vun de Signatairen, d‘Formatiounsoffer weider auszebauen, fir zur digitaler Inklusioun vun alle Bierger bäizedroen, doduerch dass nei Formatiounen am Verglach zu 2021 dobäi komm sinn.

D'Lëscht vun de Coursë fir 2022 besteet engersäits aus de Coursen déi schonn 2021 ugebuede gi sinn:

  • e revidéierten an aktualiséierten Internetführerschein 1.0 fir Ufänger am digitale Beräich,
  • en Internetführerschein 2.0 geduecht fir en erfuerene Public, deen awer eng fortgeschratten Ausbildung erfuerdert,
  • en E-Banking Virbereedungsmodul, als Virbereedung fir d'Benotzung vum Public vun Online Banking Servicer,
  • Ausbildung "Train the Trainers", fir onofhängeg Formateuren oder Trainere vun interesséierten Organisatioune geduecht.

Anerersäits ginn nei Formatiounscoursen zum scho bestoende Katalog bäigefüügt:

  • Formatioun "MyGuichet.lu", begleet vu Video-Tutorials, als Virbereedung op d'Notzung vun den online staatleche Servicer,
  • Training "Stay in Touch", als Virbereedung fir de Gebrauch vun de verschiddene Kommunikatiounsapplikatiounen (Skype, Zoom, Whatsapp, asw.)
  • Trainingscours "Basisnotzung vun engem digitalen Tablet".

Organisatiounen, déi vun dëser gratis Offer vum edukativen Inhalt profitéiere wëllen oder un d'Formatiounsausbildung interesséiert sinn, kënnen sech direkt un d'Asbl ErwuesseBildung mellen. Méi Informatiounen zu dësem Thema fannt Dir op www.ewb.lu .

 

Aktualiséiert den