Created on
Fuschneie Site fir den LOD
Den 20 Juni 2022 gouf de neie Site vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) am frësche Look a mat erweiderte Funktionalitéiten dem Public presentéiert. Am Dictionnaire vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch goufen am leschte Joer iwwer 10 Milliounen Artikelen ugekuckt.
Niewent dem ästheeteschen Aspekt sinn och eng Rei Elementer integréiert ginn, déi der digitaler Inklusioun vun alle Bierger déngen. A Kollaboratioun mat der Associatioun Hörgeschädigten Beratung SmH, goufen zum Beispill Gebäerdevideoe bäigesat. Wéi och schonn an der Versioun virdrun, kann den neie Site vum LOD och ganz an der OpenDyslexic-Schrëft gekuckt ginn.
Donieft maachen nei Funktionalitéiten, déi intuitiv ze benotze sinn, den Inhalt vum LOD nach méi zougänglech. D'Sichfunktioun gouf erweidert a verbessert, de Layout fir Handy an Tablet gouf optimiséiert, d'Feelertoleranz gouf verbessert, den „Autocomplete“ gouf ausgebaut, et ass elo méi einfach Feedback a Remarken eranzeschécken, a villes méi. Alles wichteg Schrëtt an d'Richtung vun enger inklusiver Gesellschaft.
Déi offiziell Kommunikatioun fënnt een hei:
https://gouvernement.lu/lb/actualites/toutes_actualites/communiques/2022/06-juin/21-lod-neie-look.html
Aktualiséiert den