Salon fir digital Inklusioun

Kommt a stellt Är Froen iwwer déi digital Tools déi Dir besser wëllt beherrschen!

 

Den Ministère fir Digitaliséierung invitéiert Iech op den alleréischte Salon fir digital Inklusioun, organiséiert am Kader vum Nationalen Dag fir digital Inklusioun 2023.

Kommt a profitéiert vun dëser eenzegaarteger Geleeënheet fir op enger Plaz Vertrieder vu verschiddene Associatiounen, Firmen an ëffentlechen Entitéiten ze treffen, déi komm sinn fir Erklärungen zu hiren digitalen Servicer a Projete ze ginn. Dir kënnt all Är Froen un d'Equipe vu MyGuichet.lu, der Agence e-Health, CFL oder Luxtrust a villen anerer stellen.

 

Nëtzlech Informatiounen

17. Mee vun 13.30 bis 17.30 Auer.

Forum Geesseknäppchen

40, bd Pierre Dupong, L-1430 Luxembourg

 

Dësen Salon ass dat éischt allgemeng ëffentlecht Event vun dëser Aart, dat zu Lëtzebuerg organiséiert gëtt, an ass en Deel vun den Efforten vum Digitaliséierungsministère fir all déi Leit, déi de digitale Wee wielen, an déi digital Transitioun vun der Gesellschaft matazebezéien.

  • D'Agence eSanté stellt hir Online Gesondheetsservicer vir.
  • D'Stëftung APEMH stellt hir koproduktiv Léierplattform vir.
  • BEE SECURE (Service Nationale de la Jeunesse) presentéiert säi Sensibiliséierungsmaterial fir eng méi verantwortlech Notzung vun TIC.
  • Den INFPC stellt d'Formatiounsofferen op lifelong-learning.lu vir
  • Den "Centre pour le développement des compétences relatives à la vue" presentéiert seng Aktivitéiten am Beräich vun der digitaler Accessibilitéit an "Design fir all".
  • D'CFL stellt hir verschidde mobil Uwendungen a Websäit vir.
  • De Club Senior "Club Haus op der Heed" stellt säi Projet "Eislék Digital" a seng Offeren an der digitaler Inklusioun vir.
  • D'ASBL Code Club Luxembourg stellt hir Offeren fir d'Initiatioun an der Kodéierung a Programméierung vir.
  • D’ASBL Digital Inclusion stellt hir Offeren an der digitaler Inklusioun vir.
  • De gemeinsame Stand vun den Associatiounen ErwuesseBildung, CLAE a Maison des Associations stellt déi dräi "Internetstuffen" vun der Stad Lëtzebuerg an hire gemeinsame Projet "Digital Nationalitéit" vir.
  • D'ASBL GoldenMe stellt hir Offeren an der digitaler Inklusioun vir.
  • De Zenter fir Informatiounstechnologië vum Staat (CTIE) presentéiert Guichet.lu a MyGuichet.lu.
  • D’ASBL IMS Luxembourg presentéiert hiren Projet "Digital Challenge".
  • D'ASBL Luxembourg Tech School presentéiert hir pädagogesch Offer "Creative Coding for ALL"
  • LuxTrust stellt seng digital Authentifikatiounsservicer a Produkter vir.
  • Caritas Luxembourg stellt hiren digitale ëffentleche Raum "Oasis Digital Center" vir.
  • Payconiq presentéiert seng mobil Applikatioun.
  • SOCIALware presentéiert seng IT Offer fir Associatiounen.
  • D'Stëftung Hëllef Doheem presentéiert seng "Telealarm" Apparater a säi Projet "Tabletten an der Psychogeriatrie Zentren".
  • D'Luxembourg House of Cybersecurity presentéiert d'Applikatioun Spambee.
  • Wide&Co stellt seng verschidde Formatiounsprogrammer vir.
  • Den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch presentéiert säin neien LOD Site an d'Stëmmerkennungsapplikatioun "Schreifmaschinn".

Dernière modification le