Interaktiv Konferenz: KI gerecht gestalten

 

Den CID "Fraen a Gender" organiséiert a Kollaboratioun mam Ministère fir Digitalisatioun, dem Ministère fir Gläichstellung a Diversitéit an dem Departement fir Medien, Connectivitéit an digitalen Agenda vum Staatsministère, eng interaktiv Konferenz op Englesch, moderéiert vun der Eva Gengler, den Dënschdeg, 10. Juni um 19 Auer an der Chambre des salariés (2-4 Rue Pierre Hentges), mam Titel "Shaping just AI: Feminist perspectives on power and Technology ".

KI-Systemer gi vu Mënschen entwéckelt – dacks vu wéinege Leit, déi wéineg divers sinn a kaum kritesch Reflexioun matbréngen. Dofir si feministesch Perspektiven ëmsou wichteg: Si erméiglechen et, déi agebaute Virurteeler an der Technologie z’erkennen a Räim fir méi gerecht, alternativ Weeër opzemaachen.

Dës interaktiv Konferenz bitt eng kritesch Analys vun de Muechtverhältnisser an der KI. Unhand vu konkreete Beispiller gëtt gekuckt, wou Ongerechtegkeeten an intelligente Systemer hierkommen a wat dogéint ënnerholl ka ginn.

Gratis Entrée – Umeldung obligatoresch: info@cid-fg.lu

Aktualiséiert den