D’APEMH lancéiert de "Starterpack"
Den Zentrum fir selbstbestëmmt Liewen vun der Fondatioun APEMH huet säi Bichelchen "Starterpack" verëffentlecht, deen ab elo a gedréckter an digitaler Form disponibel ass.
Entwéckelt am Kader vum Appel à Projets 2025-2026 vum Ministère fir Digitaliséierung, riicht de "Starterpack" sech u Persounen, déi wéineg oder guer keng Erfarunge mat engem Computer, Smartphone oder Tablet hunn, awer och besonnesch u Persoune mat enger geeschteger Behënnerung, mat kognitive Beanträchtegungen oder mat Autismus. A liichter Sprooch geschriwwen, erlaabt de „Starterpack“ dem Notzer et Schrëtt fir Schrëtt an am eegenen Tempo digital Basiskompetenzen um Smartphone oder um Computer ze léieren.
D’Heft ass a 6 Kapitel agedeelt:
- Léieren e QR-Code ze scannen;
- Apparater;
- Konten uleeën an den Internet notzen;
- Tipps, Rotschléi a Geforen;
- D’Symboler;
- Weider léieren.
De "Starterpak" ass virun allem een Outil, dee konzipéiert gouf fir autonom ze léieren. Dat ganzt Heft an d‘praktesch Exercicer si gratis op der Léierplattform "lern-plattform.lu" disponibel. Eng gedréckte Versioun kann doriwwer eraus einfach op Demande beim Zentrum fir selbstbestëmmt Liewen zu Esch-Uelzecht ugefrot ginn.
Besicht d’Websäit vun der APEMH fir de "Starterpack" z’entdecken, a weider Informatiounen ze kréien
Aktualiséiert den