Erfarungsberichter
Är Plaz an der digitaler Welt
Mir hu Leit wärend verschiddenen Aktivitéiten, wéi z.B. Smartphone Kaffien a Coursen iwwert digital Outile, gefrot wéi hir Erfarung mat der digitaler Welt ass.
Si hunn hire Point de vue mat eis gedeelt an eis erkläert wéi eng Outilen si benotzen, firwat, wat d'Hürden dobäi sinn a firwat si un der Aktivitéit deelhuelen. D'Associatiounen déi d'Aktivitéiten organiséiert hunn, stellen och kuerz hir Initiativ vir an erkläre wéi eng Coursen an Aktivitéiten si ubidden.
Mir hu wärend follgenden Aktivitéiten Leit befrot:
- Treffen a Workshop zu MyGuichet.lu, organiséiert vum Club Senior an der Loupescht am Kader vun hirem Cybercafés.
- Smartphone-Café vun der Erwuessebildung.
- Smartphone-Café, organiséiert vu GoldenMe an der Stadbibliothéik Esch-sur-Alzette.
- Workshop "Tablets an psycho-geriatrischen Zentren" vum Foyer Elise von Roebe Hëllef Doheem.
Nationalen Dag fir Digital inklusioun 2023
Am Kader vum Nationalen Dag fir Digital Inklusioun 2023, huet de Ministère fir Digitaliséierung Erfarungsberichter vun Associatiounen a Betriber déi sech fir digital Inklusioun asetzen, gesammelt.
Dës Videoe ginn een Abléck an hir Initiativen, Recommandatioune fir Mënschen déi Schwieregkeete mam Digitalen hunn an hir Visioun fir d'Zukunft.
Aktualiséiert den