2. Nationalen Dag fir digital Inklusioun

De 17. Mee huet den Digitaliséierungsministère um 2. Nationalen Dag fir digital InKlusioun, dës Kéier am Forum Geesseknäppchen, d’Thema Digital Inklusioun an de Vierdergrond gestallt.

Den Dag ass an e puer Etappen ofgelaf. Moies waren d'Associatiounen, déi am Beräich vun der digitaler Inklusioun schaffen, an hir Memberen op participativ Workshops invitéiert ginn, wéi zum Beispill iwwert digital Biergerschaft, digital Erausfuerderungen, d'Cybersécherheet am Alldag an dat digitaalt Léieren. Dës Atelieren hunn den Austausch vun Erfarungen erlaabt, fir esou d'Entwécklung an d'Verbesserung vu Léisungen zu de verschiddenen Themen unzepassen. D’Associatioune konnten hei och hir Aktiounen um Terrain vergläichen.

Duerno konnt déi ganz Gemeinschaft vun der digitaler Inklusioun um Interdisziplinäre Forum fir Digital Inklusioun deelhuelen. Dësen huet fir eng Table Ronde verschidde Spriecher zesummebruecht fir iwwer digital Accessibilitéit an inklusiven Design ze diskutéieren.

A senger Erëffnungsried vum Forum ass den delegéierte Minister fir Digitaliséierung, Marc Hansen, op eng Etude zréckkomm, déi ee beim LISER an Optrag ginn hat, an déi souwuel eng quantitativ, wéi och qualitativ Analyse vun de Facteure gemaach huet, déi un der Entsteeung vun engem méiglechen digitale Gruef stinn. E puer vun de Empfeelunge vun der Etude gi schonn am Ministère fir Digitaliséierung ëmgesat; déi aner ginn an den nächste Wochen analyséiert.

De Marc Hansen huet och d‘ Participante vum Interdisziplinäre Forum fir Digital Inklusioun fir hirt Engagement an dësem Beräich gelueft. Hien huet och deene Merci gesot, déi op den Opruff fir Pilotprojete geäntwert hunn, deen de Ministère virun e puer Méint lancéiert huet fir Projeten zugonschte vun der digitaler Inclusioun ze ënnerstëtzen. Am Juni ginn d'Gewënner vun dësem Opruff fir hier Projete mam Präis fir Digital Inklusioun ausgezeechent.

Den Nationalen Dag vun der Digitaler Inklusioun ass mat dem éischten Salon fir Digital Inklusioun zu Lëtzebuerg op en Enn gaangen. Vill Leit sinn op dës Veranstaltung komm fir ronn zwanzeg Associatiounen, Entreprisen an ëffentlech Entitéiten ze treffen, an hinne Froen zu der Benotzung vun hiren digitale Léisungen ze stellen.

Source: offiziell Kommunikatioun vum Ministère fir Digitaliséierung, www.digitalisation.lu

Aktualiséiert den