SIP - Informations- a Pressedéngscht vun der Regierung

Den Informatiouns- a Pressedéngscht (SIP) huet eng Missioun fir d'Sensibiliséierung an d'Kontroll vun der digitaler Accessibilitéit vun ëffentleche Sitten a mobillen Applikatiounen, wéi am Gesetz vum 28. Mee 2019 definéiert. D'Sensibiliséierung geet duerch Formatiounen an d’Publikatioun vu Référentiellen op der Websäit accessibilite.lu. Ëffentlech Sitten a mobil Applikatiounen gi reegelméisseg vum SIP iwwerpréift an d'Resultater vun dëse Kontrolle ginn transparent um Open Data Portal publizéiert.

All Persoun mat enger Behënnerung, déi en digitale Accessibilitéitsproblem op engem ëffentleche Site oder enger mobiller Applikatioun begéint, kann eng Reklamatioun maachen. De SIP ass verantwortlech fir d'Gestioun vun dëse Reklamatiounen an der Mediatioun tëscht Bierger a Verwaltungen zu dësem Thema.

De SIP mécht all dräi Joer e Rapport iwwert den Zoustand vun der digitaler Accessibilitéit am ëffentleche Secteur zu Lëtzebuerg.

SIP - Informations- a Pressedéngscht vun der Regierung

Adress:
33, boulevard Roosevelt L-2450 Luxembourg
Luxembourg

Aktualiséiert den