D'Autonomie duerch digital Technologië stäerke
D‘Autonomie duerch digital Technologie ze stäerke bedeit, d'Konditiounen ze schafen, déi et jidderengem erlaben – onofhängeg vum Hannergrond, Alter oder Liewenssituatioun– vum Potential vun digitalen Technologien ze profitéieren .
Dës Prioritéit erfuerdert d'Entwécklung vu Léisungen, déi zougänglech, einfach ze benotzen an un d'Bedierfnesser vun de vulnerabelste Gruppen ugepasst sinn,ergänzt duerch mënschlech Ënnerstëtzung.
D'Initiative
Fir d'Autonomie vun de Bierger an den Entreprisen ze fërderen, setzt de Nationalen Aktiounsplang Initiativen ëm, déi den Zougang zu passenden digitale Léisungen erliichteren an d'Entwécklung vun innovativen Tools ënnerstëtzen. Dës Moossnamen ënnerstëtzen d'Benotzer, fërderen déi digital Inklusioun vun de kléngen a mëttelstännegen Entreprisen a bidden Online-Plattformen un, déi de reelle Bedierfnesser gerecht ginn.
Fir d'Autonomie duerch digital Technologien ze stäerken, goufe véier Ziler definéiert:
- Bereetstelle vun digitalen Assistenzléisungen
- Digital Léisungen ubidde fir d'Autonomie ze stäerken
- Ënnerstëtzung vun der digitaler Inklusioun vu kléngen a mëttelstännegen Entreprisen
- Entwéckele vun Online-Plattformen
Weider Detailer iwwer déi relevant Initiativen an Informatiounen zu hirer Ëmsetzung fannt Dir am Dokument vum Nationalen Aktiounsplang fir digital Inklusioun.
Aktualiséiert den