Eng Alternativ zur digitaler Technologie ubidden
Verschidde Leit wëllen net oder kënne keng digital Outile benotzen – egal ob wéinst Gesondheetsgrënn, perséinlechen Iwwerzeegungen, Mangel u Vertrauen oder trotz de bestoenden Ënnerstëtzungsofferen. Fir dës Leit ass eng alternativ Optioun net nëmmen néideg, mee se mécht d'Liewen och méi einfach.
Analogen Alternative suergen dofir, datt all Bierger weiderhin Zougang zu ëffentlechen Déngschter, Informatiounen an administrative Prozeduren hunn – och ouni digitalen Asaz. Dëst beinhalt och, datt wesentlech Informatiounen a verschiddene, einfach verständlechen a benotzbare Formater disponibel bleiwen.
D'Initiative
Fir d'Accessibilitéit fir jidderee garantéieren, gesäit de Nationalen Aktiounsplang Initiative vir, déi analog Léisungen an eng perséinlech Ënnerstëtzung erhalen. Besonnesch garantéieren dës Moossname physeschen Accueil, perséinlech Ënnerstëtzung a konkret Alternative fir déi, déi net kënnen oder net wëllen digital Technologië benotzen.
Dräi Ziler goufen definéiert, fir eng analog Alternativ ze erhalen:
- Erhale vum physeschen Accueil
- De Bierger eng personaliséiert Ënnerstëtzung ubidden
- Alternativen zum Digitalen ubidden
Weider Detailer iwwer déi relevant Initiativen an Informatiounen zu hirer Ëmsetzung fannt Dir am Dokument vum Nationalen Aktiounsplang fir digital Inklusioun.
Aktualiséiert den