Created on
1. Interdisziplinäre Forum iwwer Digital Inklusioun
Den 1. Dezember 2022 huet de Marc Hansen, Delegéierte Minister fir Digitaliséierung, den 1. Interdisziplinäre Forum iwwer Digital Inklusioun zu Lëtzebuerg ageweit. De Forum ass eng vun de 40 Initiative vum Nationalen Aktiounsplang fir digital Inklusioun, un deenen och vill Organisatiounen an Associatiounen, déi deen Dag am Alen Tramsschapp present waren, matgeschafft haten.
Dësen éischte Forum, deen ab dem nächste Joer all sechs Méint stattfënnt, war e grousse Succès, mat méi wéi 120 Vertrieder vun Associatiounen an Organisatiounen, deenen hir Zilpublikum potenziell vun enger gewësser digitaler Ausgrenzung betraff ass. Dëse grousse Publikum vu Leit mat verschiddenen Hannergrënn konnt eng Table Ronde iwwer „Déi digital Gesellschaft vun der Zukunft. Wéi kann een all d'Bierger an déi digital Transformatioun matabezéien?" materliewen.
Op der Bün hunn d’Ginette Jones, Presidentin vun der Entente des offices sociaux asbl, den Alain Brever, Direkter vu der GERO asbl, den Olivier Grüneisen, Direkter vun der Info-Handicap asbl, an de Patrick de la Hamette, President vun der Digital Inclusion asbl iwwer zwee spezifesch Themen diskutéiert, nämlech d'Moyene fir d'Partnerschaftsdynamik fir d'Acteure vun der digitaler Inklusioun z’animéieren an auszebauen, wéi och Weeër fir digital Technologie an d’Betreiung an d’Sozialaarbecht z'integréieren.
D'Evenement gouf gefilmt a kann um Youtube-Kanal vum Ministère fir Digitaliséierung nogekuckt ginn. Fannt hei och eng Zesummefaassung vum Forum.
Aktualiséiert den