Created on
Hëlleft eis déi zukünfteg Guichets de proximité ze gestalten!
Hëlleft eis déi zukünfteg Guichets de proximité ze gestalten!
De Ministère fir Digitaliséierung huet grad eng Ëmfro lancéiert iwwer „Guichets de proximité“, déi an de verschiddene Regioune vum Land kéinten ageriicht ginn.
Schonn haut kënnen d'Bierger op de physeschen Accueil vu Guichet.lu an der Rue Notre-Dame an der Stad Lëtzebuerg goen, fir Informatiounen a Berodung iwwert administrativ Demarchen ze kréien. Fir dës Servicer méi zougänglech ze maachen, huet d'Regierung sech am Kader vum Koalitiounsaccord verflicht, zousätzlech „Guichet“ Accueilen an de verschiddene Regioune vum Land unzebidden.
D'Zil vun der Ëmfro vum Ministère fir Digitaliséierung ass et, Är Besoine besser ze verstoen a „Guichets de proximité“ ze entwéckelen, déi dëse Besoinen entspriechen. Är Meenung ass wichteg fir eis ze hëllefen, dës Accueilen am ganze Land auszeschaffen an ëmzesetzen.
Weider Informatiounen an de Link zur Ëmfro fannt Dir op www.guichetproximité.lu
Wann Dir léiwer eng Pabeier-Versioun vun der Ëmfro ausfëlle wëllt, zéckt net, de Ministère um 247-72100 unzeruffen, fir eng Pabeier-Versioun bei Iech heem geschéckt ze kréien.
Informatiounsstänn duerch Lëtzebuerg
Nieft der Online-Ëmfro bitt de Ministère Iech en Informatiounsstand un, dee wärend de Méint Oktober an November op verschiddene Plazen am Land opgeriicht gëtt. Wann Dir dëse Stand besicht, kënnt Dir méi iwwer d'Initiativ gewuer ginn, d'Ëmfro online oder op Pabeier ausfëllen an Äntwerten op Är Froen iwwert de Projet vun dësen „Guichets de proximité“ kréien.
Déi follgend Lëscht gëtt reegelméisseg aktualiséiert.
Datum |
Uert |
08. Oktober 2024 |
Fest vum Drëtten Alter – Casino 2000 Mondorf |
09. Oktober 2024 |
Maart - Iechternach (Maartplaz) |
11. Oktober 2024 |
Wochemaart – Ettelbréck (Foussgängerzon) |
13. Oktober 2024 |
Veiner Nëssmoort - Veianen |
17. Oktober 2024 |
Cliärwer Maart (Maartplaz) |
18. Oktober 2024 |
Mamer Maart (Place de l’Indépendance) |
19. Oktober 2024 |
Shoppingzenter Massen |
20. Oktober 2024 |
Glacismaart |
21. Oktober 2024 |
Réimecher Moart |
24. Oktober 2024 |
Wochemaart – Déifferdeng (Foussgängerzon) |
25. Oktober 2024 + 26. Oktober 2024 |
Shoppingzenter Belle Etoile |
31. Oktober 2024 |
Shoppingzenter Nordstrooss – Marnach |
02. November 2024 |
Staater Maart (Knuedler) |
04. November 2024 |
Nidderaanwener Maart (Place du Marché) |
08. November 2024 |
Maart zu Stroossen (Parking - Centre Culturel Paul Barblé) |
09. November 2024 |
Shoppingzenter OPKORN |
14. November 2024 |
Wochemaart – Déifferdeng (Foussgängerzon) |
16. November + 17. November 2024 |
Bazaar International – LuxExpo |
23. November 2024 |
Shoppingzenter City Concorde |
30. November |
Shoppingzenter Borders – Schengen |
02. Dezember 2024 |
Maart - Grevenmacher (Maartplaz) |
Aktualiséiert den