E groussen Erfolleg fir de 4. Dag vun der digitaler Inklusioun


Traditionell de 17. Mee organiséiert, huet de Ministère fir Digitaliséierung dëst Joer decidéiert, de Programm vum nationale Dag vun der digitaler Inklusion op zwee Deeg ze verdeelen: Den éischten Dag war fir d'Acteure vun der digitaler Inklusioun, den zweeten Dag huet sech un un de Grand-Public geriicht.

Interdisziplinäre Forum

De 16. Mee huet de Programm mam Interdisziplinäre Forum iwwer digital Inklusioun ugefaangen. Dëse Forum bréngt reegelméisseg Vertrieder vun Associatiounen an Organisatiounen zesummen, déi sech fir d'digital Inklusioun vun hiren Zilgruppenasetzen. Den Erfarungsaustausch huet d'Ziel, de Participanten ze hëllefen fir déi bescht Méiglechkeeten ze fannen, fir all Bierger an dat digitaalt Zäitalter anzebannen.

Dëst Joer hat de Public d’Méiglechkeet, un zwou Table-Rondes deelzehuelen, mat jeeweils enger uschléissender Froeronn. Déi éischt Diskussioun huet sech ëm d'Innovatiounen an d'Erausfuerderunge vun der kënschtlecher Intelligenz am Secteur vun der Educatiounh gedréit. Déi zweet Diskussioun huet sech mat den digitale Kompetenzen vum "digitale Bierger" befaasst, déi essenziell si fir eng gelongen Inclusioun an eiser haiteger Gesellschaft.

Präis fir digital Inklusioun

D'Journée gouf ofgeschloss mat der Iwwerreechung vum "Präis fir digital Inklusioun 2025" duerch d'Stéphanie Obertin, Ministesch fir Digitaliséierung. Dëse Präis gouf 2022 agefouert a belount Projete vum järlechen Appel à Projets fir digital Inklusioun vum Ministère.

D'Gewënner vun dësem Joer sinn:

  • Fondatioun APEMH mam Projet "Starter Pack"
  • Club Haus op der Heed mat "Éisleker Koppen: Gesellschaftsspill"
  • Neon Internet & Visual Online mam gemeinsame Projet "KI Léierbud"
  • Stëftung Hëllef Doheem & GoldenMe mam gemeinsame Projet "Digital Doheem"

Fir den Opruff vum Joer 2025 - 2026 hat de Ministère fir Digitaliséierung e Budget vu 250.000 Euro.

D'Videoe vun de verschiddene Projeten sinn um YouTube vum Ministère fir Digitaliséierung an hei ënnert der Rubrik "Videoen" ze fannen.

 

Salon vun der digitaler Inklusioun

De Samschdeg, de 17. Mee, vun 10:30 bis 17:00 Auer, war de Grand-Public op de Salon vun der digitaler Inklusioun invitéiert. Déi 4. Editioun vun dësem Event huet sech als immens erfollegräich gewisen.

D’Zilgrupp si virun allem Persounen, déi als "digital ausgeschloss" gëllen an déi do mat Vertrieder vu staatlechen a privaten Acteuren a Kontakt kënne komme. Dëst Joer waren eng 30 Stéck präsent fir Froen zu hiren digitale Servicer a Produiten ze beäntweren.

Aktualiséiert den