D'YourConnectivity Box – e neit Instrument fir méi sécher a méi transparent Connectivitéit
De Service fir Medien, Connectivitéit a Digitalpolitik (SMC), a Partnerschaft mat MyConnectivity GIE a villen institutionellen Acteuren, huet d'YourConnectivity Box lancéiert – e praktescht Instrument, wat den Awunner hëlleft, hir digital Servicer ze verwalten an hir perséinlech Donnéeën ze schützen. Dës Initiativ ass Deel vun der nationaler Strategie fir d’elektronesch Héichgeschwindegkeets-Breedband-Kommunikatiounsnetzer, déi d'Zil huet, jidderengem eng zougänglech, transparent a sécher Connectivitéit ze garantéieren.
D'YourConnectivity Box ass als e kloert an informatiivt Handbuch konzipéiert a beäntwert déi wichtegst Froe vun de Konsumenten zu véier Haaptthemen: d'Gestioun vu Servicer a Kontrakter, d'Ëmsetzung vu Moossname fir digital Sécherheet, d'Identifikatioun vu Gefore wéi Bedruchs- a Schwindelversich, an den Zougang zu gratis Ënnerstëtzungs- a Mediatiounsservicer.
D'Plattform bitt einfach verständlech Guiden un a gëtt spezifesch Rotschléi iwwert d'Rechter am Beräich vun der Telekommunikatioun an dem Dateschutz, a verweist op offiziell lëtzebuergesch Instrumenter, déi kënne benotzt ginn, fir ënner anerem d‘Offeren ze vergläichen, d'Netzneutralitéit ze iwwerpréiwen oder Bedruchsversich ze mellen.
D'YourConnectivity Box ass online zougänglech a ka vun alle Bierger fräi ënnert der follgender Adress consultéiert ginn: https://content.myconnectivity.lu/yourconnectivity-box/
Aktualiséiert den