Veranstaltungen

De Ministère fir Digitaliséierung organiséiert reegelméisseg Veranstaltungen wéi den Nationalen Dag fir Digital Inklusioun de 17 Mee oder den interdisziplinäre Forum iwwer Digital Inklusioun, fir den Austausch an d'Schafe vu Synergien tëschent Associatiounen a Betriber, déi am Beräich vun der digitaler Inklusioun aktiv sinn, weider ze fërderen.

Dës Veranstaltungen, dorënner och de Salon fir digital Inklusioun, sollen d'Ëffentlechkeet fir d'Thema vun der digitaler Inklusioun sensibiliséieren an hinnen d'Méiglechkeet ginn, Acteure vum Terrain kennenzeléiere fir hir Froen zu hiren digitale Léisungen ze stellen.

Aktualiséiert den