Created on
Nationalen Dag fir digital Inklusioun
De 17. Mee 2022 huet den éischten Nationalen Dag fir Digital Inklusioun zu Lëtzebuerg stattfonnt. Dëst war en Deel vum Weltdag vun der Telekommunikatioun an der Informatiounsgesellschaft an ass d'Ëmsetzung vun eng vun den Initiativen vum Nationalen Aktiounsplang fir Digital Inklusioun, dee vum Digitaliséierungsministère zesumme mat engem interministeriellen Aarbechtsgrupp ausgeschafft gouf.
Den Nationalen Dag fir digital Inklusioun gouf vum Digitaliséierungsministère organiséiert a sollt den Akteuren an den Initiativen, déi der digitaler Inklusioun zu Lëtzebuerg déngen, eng Vitrinn bidden.
Co-kreativ Atelieren am GovTech Lab
De 17. Mee huet d‘Asbl GERO senge Memberen och d'Méiglechkeet ugebueden u co-kreativ Atelieren Deel ze huelen, déi vum Zenter fir Informatiounstechnologië vum Staat (CTIE) an de Raimlechkeete vum GovTech Lab organiséiert goufen.
D'Atelieren hunn sech op online ëffentlech Servicer konzentréiert, dorënner d'Transaktiounsplattform MyGuichet.lu. Et war eng Geleenheet fir d'Equipë vu Guichet.lu a MyGuichet.lu een Austausch mat de Participantë ze hunn, an hire Feedback ze héieren.
De Präis "Inclusion numérique 2022"
Den Haaptevenement vum Dag huet ënnert der Form vun enger offizieller Zeremonie stattfonnt, a Präsenz vum Delegéierte Minister fir Digitaliséierung, Marc Hansen. Wärend dëser Zeremonie goufen d'Gewënner vum "appel à projets" fir digital Inklusioun fir d'Joer 2022 bekannt ginn. De Präis "Inclusion numérique 2022" gouf dann un d'Präisträger iwwerreecht no der Presentatioun vun hire jeeweilege Projeten.
Déi 6 Gewënner vum Präis "Inclusion numérique 2022" sinn:
- Autisme Luxembourg ASBL fir d’Schafe vun enger sozialer Plattform fir Leit mat Autismus.
- Club Haus op der Heed fir d'Bereetstellung vu Tabletten an eng individuell Ënnerstëtzung fir déi eeler Leit an de Gemengen am Norde vum Land mat neie Medien vertraut ze maachen.
- GoldenMe ASBL fir en Netzwierk vun intergenerationellen "Smartphone-Caféen" a verschiddene Gemenge vum Grand-Duché auszebauen an ze stäerken.
- Stëftung Hëllef Doheem fir d’Promotioun vun der digitaler Alphabetiséierung bei vulnerabelen eelere Leit an den 10 Zentren psychogeriatric (CPG) vun hirem Réseau.
- D’Stad Diddeleng fir d’Schafe vun enger "Internetstuff" fir déi eeler Leit déi digital Welt duerch Austausch an Training an engem sécheren, familiären a frëndlechen Ëmfeld ze förderen.
- Wide ANDCO fir "Treffpunkten" fir Fraen déi Froen hunn zu IT an digital Themen.
Entdeckt all d'Presentatiounen um Youtube-Kanal vum Ministère fir Digitaliséierung.
Aféierungs-Atelieren mat der Asbl Erwuessebildung
Am Kader vum Dag fir digital Inklusioun proposéiert d'Asbl Erwuessebildung Aféierungs-Atelieren iwwer Tablets u Senioren un, déi méi iwwer nei Technologien gewuer wëlle ginn. De 17. Mee fannen Atelieren zu Dikrech an zu Gréiwemaacher statt, an den 19. Mee zu Esch-Uelzecht. Weider Informatiounen dozou fënnt een op www.ewb.lu.
Aktualiséiert den