Nei Etüd iwwer digital Inclusioun zu Lëtzebuerg

 

De Ministère fir Digitaliséierung huet d'Resultater vun enger Etüd publizéiert, déi beim "Luxembourg Institute of Socio-Economic Research" (LISER) an Optrag gi gouf: "Digital Inclusioun. Eng Analyse vun der Situatioun am Joer 2024".

Dës Etude ass Deel vum Nationalen Aktiounsplang fir digital Inclusioun a stellt eng vun de 40 Initiativen duer.

Et ass déi drëtt konsekutiv Editioun vun dëser Etude, no deenen aus de Joer 2022 an 2023, déi d’Zil haten, d’Ursaache vum digitale Gruef ze identifizéieren an hir Entwécklung ze suivéieren.

D’Resultater vun der Etude, souwéi d’Recommandatioune vum LISER, wäerten an d’Ausaarbechtung vum neien Nationalen Aktiounsplang afléissen, fir datt dësen den aktuellen Ufuerderunge vun der Gesellschaft an dem schnelle Fortschrëtt vun den Technologië gerecht gëtt.

Déi wichtegst Erkenntnisser sinn:

  • Am Joer 2024 hu just 1,1 % vun de Residenten nach ni den Internet benotzt, wat d’Tendenz vun der Allgemengheet vun der digitaler Notzung confirméiert.
  • Wéi schonn 2022 an 2023, erlaabt d’Analyse vun den Notzunge fir dräi Ënnergruppe vun Internetbenotzer z’ënnerscheeden: schwaach Benotzer (23 %), mëttelméisseg Benotzer (40 %) an intensiv Benotzer (37 %). Den Undeel vun den intensive Benotzer geet weider an d’Luucht.
  • Am Joer 2024 hunn 43 % vun den Internetbenotzer op mannst eng Kéier op eng Online-Demande verzicht – wéinst der Komplexitéit oder den Aschränkungen déi mat der Internetbenotzung verbonne sinn.
  • Den digitale Stress geet an d’Luucht: 76 % vun den Internetbenotzer soen si géifen e gewëssene Stress spieren, wann si den Internet benotzen – géintiwwer 64 % am Joer 2022.
  • 60 % vun de Befrote fannen, datt den Tempo vum technologesche Wandel ze séier ass.

Déi komplett Resultater vun der Etude si ab elo op der Websäit vum Ministère fir Digitaliséierung verfügbar.

 

Aktualiséiert den