Digital Kompetenzen entwéckelen

Den technologesche Wandel bréngt mat sech, datt d'digital Kompetenzen ëmmer méi wichteg sinn, fir un enger vernetzter Gesellschaft deelzehuelen, Zougang zu Informatiounen ze hunn an de schwankenden Ufuerderunge vun der digitaler Wirtschaft gerecht ze ginn. D'digital Technologië beherrsche besteet doran, iwwer déi néideg digital Grondkenntnisser ze verfügen, fir d'IKT-Outilen an den Internet bewosst a virdeelhaft ze benotzen. D'digital Kompetenze ginn an dräi grouss Kategorien oder Haaptkonzepter agedeelt: benotzen, verstoen a schafen. Fir all eenzel vun dëse Fäegkeete gëtt et eng ganz Rei vu verschiddene Kompetenzniveauen, mee iwwer de Basisniveau an all dësen Niveauen ze verfügen, bedeit, datt eng Persoun déi néideg digital Kompetenzen huet, fir digital integréiert ze sinn.

E puer Statistiken

  • 43% Internetnotzer, déi am Grand-Duché wunnen a fannen, datt de Staat hëllefe misst, déi digital Outile besser ze verstoen (TNS-Ilres)
  • 9% Benotzer, déi duerch e Manktem un digitale Kompetenzen déi digital ëffentlech Servicer net benotzt hunn (Statec)
  • 54% Internetnotzer, déi op d'mannst digital Grondkenntnisser hunn (Eurostat)

D'Initiativen

Den nationalen Aktiounsplang fir digital Inklusioun konzentréiert sech op d'Entwécklung vun der digitaler Informatiounskompetenz a vun der digitaler Biergerschaft, fir de Leit ze erméiglechen, méi autonom a méi sécher an der digitaler Welt ze navigéieren.

D'Entwécklung vun den digitale Kompetenzen entsteet duerch eng Familiariséierung mat den digitalen Technologië vu Klengem un iwwer eng formell an net formell Educatioun an analog, audiovisuell an digital Mëttelen. Dobäi ass et wichteg, Formatiounen unzebidden, déi un déi verschidde Fäegkeetsniveauen ugepasst sinn an a verschiddene Sprooche proposéiert ginn, fir op d’Besoine vun den eenzelen Zilgruppen anzegoen, fir datt si an der Benotzung vun den digitalen Technologien autonom ginn. De Lëtzebuerger Staat, deen eng ganz Rei vun dezentraliséierten Initiativen uechter d'Land ubitt a sech op déi besteeënd Strukture stäipt, engagéiert sech, fir Méiglechkeete fir eng Ëmschoulung a fir d'Verstäerkung vun den digitale Kompetenzen unzebidden.

An engem kollektiven Effort vun all den involvéierten Acteure sinn hei déi zeréckbehalen Initiativen:

1. Formatiounen an den digitale Kompetenzen

Collaboratioun tëschent dem Ministère fir Digitaliséierung an der ASBL Erwuessebildung fir d'Ausschaffe vu Formatiounen an den digitale Kompetenzen, déi un d'Besoine vun de verschiddenen Niveauen ugepasst sinn an a verschidde Sproochen ugebuede ginn. 

2. E-Banking Formatiounsmodüll

Ausschaffe vun engem Formatiounsmodüll an den Online-Banking-Servicer ("E-Banking") als Virbereedung op d'Benotze vun den digitale Bank-Servicer duerch de Ministère fir Digitaliséierung an de Ministère fir Konsumenteschutz an an Zesummenaarbecht mat der Commission de Surveillance du Secteur Financier, der ASBL Erwuessebildung an der Fondation ABBL pour l'éducation financière.

3. Formatioun iwwer d’digital Inklusioun

Ausschaffen, duerch de Ministère fir Digitaliséierung, vun enger participativer Formatioun iwwer d'digital Inklusioun fir d'Associatiounen an d'Organisatiounen, déi zoustänneg si fir Zilgruppen, déi an der digitaler Welt net doheem sinn. Am Workshop gëtt d'Personal iwwer d'Theemen an d’Offeren am Beräich vun der digitaler Inklusioun forméiert an informéiert, fir esou déi digital Inklusioun vun hiren Zilgruppen ze vereinfachen.

4. Strategie "einfach digital"

 Ëmsetzung vun der digitaler Bildungsstrategie einfach digital duerch de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, mam Zil, de Kanner vu Klengem un déi digital Technologië méi no ze bréngen. De Medienkompass, e Referenzguide fir d'Medienerzéiung an d'Erzéiung mat Medien, stellt den allgemenge Kader vun der Strategie. Dëse Guide hëlleft dem Léierpersonal an den Erzéier, d'Kanner an déi Jonk fir d'Benotzung vun de Medien ze sensibiliséieren an ze forméieren. D'Strategie huet Pläng fir e systematescht Enseignéiere vum Codéieren a vum informateschen Denken an alle Programmer vum Fondamental a vum Secondaire agefouert. Vum Schouljoer 2020/2021 un ass Codéieren Deel vum Mathematiksunterrecht am Cycle 4 vum Enseignement fondamental a vu September 2021 un och an den anere Cyclen. Vun der Rentrée vum Schouljoer 2021/2022 u gëtt en neie pluridisziplinäre Cours Digital sciences progressiv an allen ënneschte Klasse vum Enseignement secondaire classique a général agefouert, mam Zil, technologesch, mënschlech a kognitiv Kompetenzen ze entwéckelen, fir kënnen erfollegräich a sécher an engem digitaliséierten Ëmfeld ze evoluéieren. De Centre de gestion informatique de l’éducation (CGIE) setzt weiderhin d'Initiativ "Digital Classroom" an déi méijäreg national Strategie  "one2one" ëm, bei där et drëm geet, Tablette vum Typ iPad bis 2023 an alle Schoule vum Secondaire anzeféieren an doraus e Produktiouns- a Léieroutil am Déngscht vun der Pedagogie ze maachen.

5. Formatiounen iwwer eng sécher Benotzung vum Internet

Offer vu Formatiounen iwwer eng sécher Benotzung vum Internet fir d'Kanner an déi Jonk aus dem Fondamental an aus dem Secondaire souwéi fir eeler Leit duerch d'Initiativ BEE SECURE, ënner der Tutelle vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend. BEE SECURE bitt de Multiplicateuren, d. h. dem Léierpersonal an den Erzéier, Formatiounen iwwer déi aktuell Tendenzen an d'Verhale vun de Jonken am Internet un. Eng Formatioun a pedagogescht Material vu BEE SECURE fanne sech am neie Cours "Digital sciences" erëm, dee vun der Rentrée 2021/2022 un an den ënneschte Klasse vum Secondaire enseignéiert gëtt. E spezielle Formatiounscours fir d'Léierpersonal presentéiert pedagogescht Material vu BEE SECURE, mat deem eng responsabel a sécher Benotzung vun den digitalen Technologien enseignéiert ka ginn an dat och nëtzlech ass fir Personal, dat a Kontakt mat Persoune mat Behënnerung ass. Ausserdeem bitt BEE SECURE Owenter u fir d'Elteren an och Formatioune fir Schüler oder Gruppe vu Kanner oder Jonken am Kader vun de Maison-relaisen oder Jugendhaiser.

6. Fërderung vun den STEM-Fächer

Steigerung vum Interessi un de STEM-Fächer duerch Initiative wéi "Scienteens Lab – De Labo fir Jonker", "Luxembourg Science Center", "Base1" a "Science.lu" vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend. De Service national de la jeunesse koordinéiert de Makerspace Base1, en Espace, wou déi Jonk hir eege Projeten an Zesummenaarbecht mat Experten a verschiddenen technologeschen an digitale Beräicher realiséiere kënnen. Ausserdeem koordinéiere Base1 an de SCRIPT 24 Makerspaces a Lycéeën op regionalem Niveau an och 4 Makerspaces a Maison-relaisen a Grondschoulen op kommunalem Niveau. Mat der Ënnerstëtzung vum nationale Fuerschungsfong wäert de Service national de la jeunesse de Projet "Makerkoffer" aféieren: eng Aktivitéitewallis ronderëm d'Codéiere fir Kanner vun 8 Joer un, déi jiddwerengem gratis op Däitsch, Franséisch an Englesch zur Verfügung gestallt gëtt.

7.Informatiounsversammlunge "Silver Surfer – surfer en toute sécurité"

Offer vun enger Rei vun interaktiven Informatiounsversammlunge vu Seniore fir Senioren "Silver Surfer – surfer en toute sécurité" vu BEE SECURE, wärend deenen d'Participanten d'Grondlage vum Ëmgang mat den neie Medien an aller Sécherheet léieren an och vu praktesche Rotschléi profitéieren.

8. Coursë fir eng Basisausbildung vun Erwuessenen

Propositioun vu spezielle Coursë fir eng Basisausbildung an den digitalen Technologien duerch de Service Erwuessenebildung vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend. D'Coursë vun der Basisausbildung ginn uechter d'Land organiséiert an erméiglechen eng individuell Approche. Ausserdeem bezitt de Service fir d'Erwuessenebildung d'Entwécklung vun digitale Grondkenntnisser och an d'Programmer vun der sproochlecher Integratioun mat an, genee wéi och an d'Integratiounsklasse vum zweete Bildungswee.

9. Promotioun vun Cybersécherheetsberuffer bei Fraen a Meedecher

Berufflech Neiorientéierung vu Fraen a Fërderung vun hirer Roll an de Beruffer vun der Cybersécherheet duerch SECURITYMADEIN.lu an Zesummenaarbecht mat Cyberwayfinder.com an der ASBL "Women Cyber Force". 

10. "Lëtz Cybersecurity Challenge"

Organisatioun vum alljärleche "Lëtz Cybersecurity Challenge" duerch SECURITYMADEIN.lu an de Wirtschaftsministère fir bei de Jonken den Interessi ze erwächen a se ze encouragéieren, eng Karriär an der Cybersécherheet an den domat verbonnenen Disziplinnen anzeschloen.

11. Aféierung an d‘Codéieren

Organisatioun vu gratis Workshoppen fir Meedercher a Fraen an d’Codéieren anzeféieren, dëst duerch d'Initiativ Innovative Initiatives an Zesummenaarbecht mat der ASBL WIDE.  

12. "Digital Skills and Jobs Coalition"

Gouvernance vun der "Digital Skills and Jobs Coalition" duerch d'Initiativ Innovative Initiatives mat der Chambre de commerce an der Chambre des métiers. D'Koordinatioun iwwerhëlt d'ASBL WIDE a Concertatioun mat Innovative Initiatives. D'"Digital Skills and Jobs Coalition" ass esouwuel eng Plattform fir den Austausch an de Matchmaking tëschent der Offer an der Demande fir digital Formatiounen a fir d'Fërderung vun de grondleeënden a fortgeschrattenen digitale Kompetenzen.

13. Formatioun iwwer d’digital Accessibilitéit vun den Agenten aus dem ëffentleche Déngscht

Formatioun iwwer d'digital Accessibilitéit vun den Employéen aus dem ëffentleche Secteur duerch den Informatiouns- a Pressedéngscht (SIP) vun der Regierung, mam Zil, d'Erausfuerderunge vun der digitaler Accessibilitéit, d'Krittäre vun der digitaler Accessibilitéit an hire gesetzleche Kader zu Lëtzebuerg ze sensibiliséieren. Et geet drëm, d'Abezéien an d'Ëmsetzung vun der Accessibilitéit bei de verschiddenen Etappe vun den digitale Projeten ze garantéieren.

14. Formatiounen fir jonk Aarbechtssichender

Koordinatioun an Entwécklung vun de Projete "Fit4DigitalFuture 2.0", "Future Skills Initiative" a "Basic Digital Skills" duerch de Ministère fir Aarbecht, Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft. Dës Projete vermëttelen den Demandeur-d'emploie grondleeënd Informatiks-, Techniks- a Verhalenskompetenze fir hir digital Informatiounskompetenz an Autonomie ze entwéckelen.

15. Weiderentwécklung vun der "Digital Academy"

Kontinuéierlech Weiderentwécklung vun der "Digital Academy" vum Ministère fir d’Fonction publique am Nationalen Institut fir ëffentlech Verwaltung (Inap), fir all deenen, déi beim Staat ugestallt sinn, ze erméiglechen, Formatiounen an der Entwécklung vun den digitale Kompetenzen ze maachen. D'Zil ass, de Mataarbechter Bilane vun hiren digitale Kompetenzen ze proposéieren an déi staatlech Employéë bei der Digitaliséierung ze begleeden, andeem se duerch Formatiounen a Form vu Webinairen an/oder E‑Learninge mat den digitalen Technologië familiariséiert ginn. Den Inap proposéiert digital ICDL-Formatiounen (International Certification in Digital Literacy) fir d'Mataarbechter, déi a Virbereedungsformatiounen oder an enger Formation continue sinn.

16. Formatiounen fir Aarbechtssichender

Begleedung vun de jonken Demandeur-d’emploien duerch de Ministère fir Aarbecht, Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft iwwer de Projet Youth eAcademy. De Projet bitt de jonken Demandeur-d'emploien, déi bei der Adem ageschriwwe sinn, d'Méiglechkeet, autonom déi Kompetenzen ze stäerken, déi si interesséieren an déi si fir d'Verwierklechung vun hirem beruffleche Projet fir noutwendeg halen. D'Adem bitt de Jonken ënner drësseg Joer och e gratis Accès op d'E-Learning-Plattform "Belearn". Iwwer dës Plattform kënnen d'Kandidaten u vill verschiddenen digitale Formatiounen deelhuelen, an dat a 5 verschiddene Sproochen.

DÉI ANER STRATEGESCH HIEWELEN

Fir déi digital Inclusioun vun alle Bierger ze förderen, ass et wichteg digital Kompetenzen ze entwéckelen, mee och:

Den Accès zu digitalen Technologië vereinfachen D'Motivatioun an d'digitaalt Vertraue steigeren

Aktualiséiert den