D'Motivatioun an d'digitaalt Vertraue steigeren

D'Motivatioun fir d'digital Technologië weist, wéi motivéiert eng Persoun ass, fir sech un der digitaler Welt ze bedeelegen a fir digital Outilen an den Internet ze benotzen. Am wäite Sënn erkennt eng "fir d'digital Technologië motivéiert" Persoun kloer, wéi d'digital Technologien hir hëllefen, fir sech weiderzeentwéckelen oder fir vun neien Opportunitéiten ze profitéieren. D'Motivatioun kann ee par rapport zu zwee verschiddenen Aspekter verstoen: d’Perceptioun vum Notze vun den digitale Léisungen an d'Kenntnis vun den Online-Informatiounen a Servicer, déi fir de Benotzer nëtzlech sinn.

D'Vertrauen an déi digital Welt berout engersäits op enger Visioun vun digitalen Infrastrukturen, Outilen a Servicer, déi d'digital Sécherheet beschtméiglech kënne garantéieren. Anerersäits hëlt d'Vertrauen enorm zou, jee nodeem wéi dem Benotzer seng eege Ressourcë sinn. En zouversiichtleche Benotzer ass sech de potenzielle Geforen a Bedrounge vun den Online-Outile bewosst a verfüügt iwwer déi richteg Reflexer, fir sech ze schützen.

E puer Statistiken

  • 33,33% vun de Leit fäerten, datt den Internet den Alldag net vereinfacht (TNS-Ilres)
  • 81,9% Persounen am Alter vu 65-74 Joer, déi den Internet all Dag benotzen (Statec)
  • 6% Internetnotzer, déi keng digital Servicer benotzt hunn, well se Ängschten a puncto Schutz oder Sécherheet vun hire perséinlechen Donnéeën hunn (Statec)
  • 6,4% Leit, déi den Internet net all Dag benotzen (Eurostat)
  • 97,3% Reegelméisseg Internetnotzer (Leit, déi den Internet dräimol d'Woch benotzen) (Eurostat

D'Initiativen

D'Initiative fir d’digitaalt Vertrauen ze steigeren, konzentréiere sech dofir op zwee zentral Aspekter: d'Sensibiliséierung fir déi digital Erausfuerderungen a Geforen an déi néideg Kompetenzen, fir ënner anerem d’Basistechnologien ze benotzen. Si sinn hei drënner opgelëscht:

1. Internetportal www.zesummendigital.lu

Ausschaffen, duerch de Ministère fir Digitaliséierung, vum Internetportal zesummendigital.lu, dat der digitaler Inklusioun gewidmet ass. Dëst Portal wäert nëtzlech Informatiounen iwwer d'Acteuren aus dem Beräich vun der digitaler Inklusioun an déi besteeënd Offeren an och Informatiouns-, Sensibiliséierungs- a Selbsthëllefspublikatiounen a -ressourcen, déi d'digital Inklusioun fërderen, regruppéieren. D'Zil ass, de besteeënden Offeren eng maximal Visibilitéit ze ginn, d'Ressourcen ze promovéieren a se der Ëffentlechkeet zur Verfügung ze stellen.

2. Interdisziplinäre Forum fir digital Inklusioun

Animéieren, duerch de Ministère fir Digitaliséierung, vun engem interdisziplinäre Forum, dee ministeriell Departementer, Representantë vun den Acteuren, déi am Beräich vun der digitaler Inklusioun aktiv sinn, an den Acteuren, déi sech ëm Persoune këmmeren, déi net an der digitaler Welt doheem sinn, zesummeféiert.

3. Järlechen Dag vun der digitaler Inklusioun

Organisatioun, duerch de Ministère fir Digitaliséierung, vun engem Dag, deen der digitaler Inklusioun gewidmet ass ‒ de 17. Mee ‒, dëst am Kader vum Weltdag vun der Telekommunikatioun an der Informatiounsgesellschaft. D'Zil ass, méi Visibilitéit vun den Acteuren an de besteeënden Initiativen zu Lëtzebuerg am Zesummenhang mat der digitaler Inklusioun ze schafen.

4. Järlechen Opruff fir Kandidature fir d’Finanzéierung vu Pilotprojeten

Aféierung, duerch de Ministère fir Digitaliséierung, vun engem järlechen Opruff fir Kandidature fir d'Finanzéierung vu Pilotprojeten, déi d'digital Inklusioun fërderen.

5. Digital Inklusioun op kommunalem Niveau

Sich no verschiddene Collaboratiounen tëschent dem Ministère fir Digitaliséierung an dem Syvicol, fir d'digital Inklusioun op kommunalem Niveau ze promovéieren. D'Zil ass, d'digital Inklusioun op lokalem Niveau ze fërderen an ze ënnerstëtzen, an de regionalen Ënnerscheeder a puncto Offer, déi wärend den Enquêten iwwer den État des lieux vun der digitaler Inklusioun zu Lëtzebuerg festgestallt goufen, entgéintzewierken.

6. Pedagogesch Videoen iwwer déi nei Technologien

Kreatioun, duerch de Ministère fir Digitaliséierung, vun enger Rei vu pedagogesche Videoen iwwer déi nei Technologien an d’Benotze vun den digitalen Technologië wéi och hir positiv Auswierkung op d'Bierger an d'Gesellschaft. Dës Videoe sollen hëllefen, d'Sensibiliséierung vun der Ëffentlechkeet fir d'Opportunitéiten, déi d'Digitaliséierung bitt, ze ënnerstëtzen.

7. Etüd iwwer d’Auswierkung vun de rezenten digitalen Evolutiounen

Aféierung, duerch de Ministère fir Digitaliséierung, vun enger Etüd iwwer d'Auswierkung vun de rezenten digitalen Evolutiounen op déi Deeler vun der Bevëlkerung, déi net an der digitaler Welt doheem sinn.

8. Internetportal Cybersecurity Luxembourg

Schafe vum Portal "Cybersecurity Luxembourg"duerch den Héije Kommissariat fir national Sécherheet, Luxinnovation a SECURITYMADEIN.LU, dat déi ëffentlech a privat lëtzebuergesch Acteuren, déi sech mat der Cybersécherheet beschäftegen, regruppéiert. D'Portal host ënner anerem Sensibiliséierungs- an Informatiounsinitiative wéi den "Europäesche Mount fir d’Cybersécherheet" an d’"Cybersecurity Week Luxembourg".

9. Sensibiliséierungscampagnen fir eng responsabel Benotzung vun den digitalen Technologien

Kontinuéierlech Sensibiliséierung vun der Ëffentlechkeet fir eng responsabel Benotzung vun den neien Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien duerch Sensibiliséierungscampagnen a Ressourcen iwwer d'Online-Sécherheet, d'Online-Verhalen an d’Benotze vun den digitalen Technologien duerch BEE SECURE, ënner der Tutelle vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend. Déi national Campagnë vu BEE SECURE erweideren d'Kenntnisser vun de Bierger iwwer eng sécher Benotzung vun den digitalen Technologien, entwéckelen déi digital Biergerschaft a steigeren esou d'Vertraue vun de Bierger an déi digital Welt.

10. Informatiounscampagnen iwwer Cybersécherheet

Ëmsetzung vun Informatiounscampagnen oder -sitte wéi spambee.lu a secure-iot.lu duerch SECURITYMADEIN.LU, der Agence de Cybersécurité pour les Communes et l’Économie luxembourgeoise, ënner der Tutelle vum Wirtschaftsministère, an Zesummenaarbecht mat der Nationaler Kommissioun fir den Dateschutz (CNPD) a BEE SECURE. "Spambee" ass eng Applikatioun, mat där potenziell geféierlech Spam-E-Mailen a -sitten analyséiert an denoncéiert kënne ginn. De Site "Secure internet of things" informéiert iwwer déi potenziell Gefore vun de Géigestänn, déi mam Internet verbonne sinn, a bitt Rotschléi fir eng méi sécher Benotzung.

11. Fërderung vun der BEE SECURE Stopline an Helpline

Verstäerkung vun der Kommunikatioun iwwer d'BEE SECURE Stopline an Helpline, fir se der Ëffentlechkeet zu Lëtzebuerg méi no ze bréngen. De Service BEE SECURE Helpline bitt eng gratis, anonym a vertraulech Consultatioun iwwer d'Online-Sécherheet an eng responsabel Benotzung vun den digitalen Technologien. Dës Consultatioun riicht sech ënner anerem u Persoune mat Behënnerung. Mam Service Stopline stellt BEE SECURE online e Formulaire zur Verfügung, mat deem spezifesch illegal Inhalter, déi engem am Internet begéinen, anonym a vertraulech signaléiert kënne ginn.

Déi aner strategesch Hiewelen

Fir déi digital Inclusioun vun alle Bierger ze förderen, ass et wichteg d'Motivatioun an d'digitaalt Vertraue ze steigeren, mee och:

Den Accès zu digitalen Technologië vereinfachen Digital Kompetenzen entwéckelen

Aktualiséiert den